Déi aktuell Krisesituatioun zwéngt vill Patronen elo schonn zanter iwwert engem Joer seng Mataarbechter fir ëmzedenken an am Homeoffoce schaffen ze loossen. Ma d'Schaffe vun doheem kann awer och psychesch a physesch un d'Substanz goen, Michèle?

12062021 Gutt a Form - Fit am Homeoffice

Wochelaangen Home Office bedeit och heefeg e Beweegungsmangel. Den Aarbechtswee fält ewech, Fitnessstudioe waren zou, Schwämmen a Sportveräiner hunn och net oder begrenzt funktionéiert. Emsou méi wichteg ass et och doheem fir eng gesond Balance ze suergen.

De Motto heescht hei Beweegung an déif Bauchootmung. Et sollt een och all Geleenheet notze fir sech ze strecken, de Kierper ze beweegen, Trapen ze goen, eraus an de Gaart ze goen, Waasser ze drénken a reegelméisseg Pause maache fir seng Aen ze schounen.

Ideal ass och wann de Stull un de Schreifdësch ugepasst ass, fir säi Reck an seng Haltung ze schounen. Wann ee kee Bürosstull huet, sollt een op en Hocker oder e Stull zeréckgräiffen, an och d'Kierperpositioun ze änneren.

E grousse Virdeel bidden och reegelméisseg kleng Turnübunge fir de Réck, d'Schëlleren an d'Nuque ze trainéieren an ze stäerken.

An zu gudder Lescht wären dann och Übungen am Stoen ideal, wéi zum Beispill Yoga. Fir individuell Problemer ass et natierlech och wichteg e Kiné, e Fitnesstrainer oder aner Gesondheetsexperten em Rot ze froen.