Wien am Internet keeft, dee huet bestëmmt scho matkritt dass d'Präisser enorm variéieren. Dacks huet een och nach d'Gefill dass verschidde Produiten wéi Reesen Nuets en aneren Präis hunn wéi am Dag. Och vu Land zu Land solle schonn esou "Schwankungen" opgefall sinn. Elo ass den "Dynamic Pricing" wéi et schéngt entschlësselt.

11/06/2021 Dee richtegen Zäitpunkt fir online gutt Affären ze maachen

Wien am Internet keeft, deen huet et bestëmmt scho gemierkt; mueres kascht de Smartphone 500 Euro, Mëttes dann op eemol bal dat Duebelt. Am Internet ginn et andauernd nei Präisser. Dat läit um Dynamic Pricing. Wat ass dat?
D'Nofro bestëmmt de Präis, dat ass näischt neits. Dynamic Pricing analyséiert genee dat. Klëmmt op eemol d'Nofro vun engem Smartphone oder soss engem Produit, da geet Präis erop. Wa sech da kee méi dofir interesséiert, wëll een de Stock lass ginn, dee Moment fält de Präis.
Fir d'Händler huet dat e grousse Virdeel, se verdénge méi. Firmaen déi mat deem sougenannten Dynamic Pricing schaffen hunn 2 Ziler. Eemol de Gewënn an d'Luucht ze schrauwen an natierlech och Konkurrenzfäeg ze bleiwen. E groussen Plus huet een dann wann d'Konkurrenz ausverkaf ass. Genee do gräift de System, dee permanent kuckt, wéi gesäit de Marché aus.

Wéini ass dann elo de richtege Moment eppes am Internet ze kafen?

Mueres ass z.B ni schlecht wa vill Leit schaffen a net vill Zäit hunn am Internet ze shoppen .Den Algorithmus gëtt awer net vun der Dageszäit bestëmmt gëtt. Do spillen och aner Faktoren eng Roll. Et kann een et aschätzen, wéini de beschte Moment ass, genee viraussoen bleiwe komplizéiert. Dacks huet ee gemierkt, dass dee selwechte Produit an der Mëttesstonn vill méi deier war, géint der Owend hat sech de Präis dann dacks stabiliséiert.

Gëtt et dann och e gudde Moment wou ee Gezei zu besser Präisser fënnt?

Statistiken hunn hei gewisen dass Donneschdes de beschte Moment ass. De Weekend ass éischter en ongënschtegen Moment. Do si se am deiersten a wien hätt et geduecht, virun de Chrëschtdeeg gëtt Gezei souguer méi bëlleg am Internet. Ausser Schong, déi ginn op Feierdeeg méi deier

Et kann een also soen, dass et verschidden Deeg an Auerzäiten an enger Woch gëtt, wou d'Akafen um Internet sech lount. Passt mol nächste Kéier drop op. Observéiert de Produit op e puer Deeg an der Woch zu de verschiddensten Zäiten. Mat e bëssi Chance, kann een eng gutt Affär maachen.