Haut erwaart eis nees e ganz interessante Phenomen um Himmel: eng partiell Sonnendäischtert. D'Sonn gëtt zwar net ganz verdeckt, ma e Bléck rentéiert sech trotzdeem. Ëmmerhin ass déi lescht scho 6 Joer hier. D'Michèle Schons huet de Brëll scho prett:

10/06/2021 Haut gesi mer eng partiell Sonnendäischtert RADIO VERSIOUN

Stäreschnäizen, Kometen, oder och Supermound, dat alles sinn herrlech Himmelsschauspiller, ma och d'Sonn huet e puer Tricken drop. Mir schwätze vun enger Sonnendäischtert, wann de Mound sech, vun der Äerd aus gekuckt, virun d'Sonn placéiere kënnt. Mir wësse jo dass d'Äerd ronderëm d'Sonn dréit an de Mound ronderëm d'Äerd, a bei deene BeweegungACewech vun der Äerd wéi de Mound, awer de Mound ass och ronn 400x méi kleng, esou ass et méiglech dass mer am Himmel d'Sonnescheif an d'Moundscheif t'selwecht grouss gesinn a wann de Mound total virun d'Sonn kënnt schwätze mer vun enger totaler Sonnendäischtert. Heiansdo ass et esou dass de Mound liicht méi kleng ze gesinn ass, da schwätzt ee vun enger réngförmeger Däischtert. Wann de Mound net genee virun d'Sonn kënnt, ma just de Wee sträift, schwätze mer vun enger partieller Däischtert.

An dat ass dat wat mer dësen Donneschdeg ze gesi kréien. An zwar start dat Ganzt um zwanzeg op 11, wou dann d'Moundscheif sech lues a lues virun d'Sonnescheif beweege wäert a géint zwanzeg op 12 ass de Maximum vun der partieller Däischtert, wou d'Sonn 12% vum Mound zougedeckt gëtt. Eng Stonn drop ass d'Schauspill och schonn nees eriwwer. Wärend bei eis also nëmmen e Stéck verdeckt gëtt, ass an Deeler vu Grönland, Kanada a Sibirien de ganzen Ausmooss ze gesinn, wou d'Sonn da komplett verdeckt gëtt an et zu enger réngförmeger Däischtert kënnt. Wann een esou en Naturspektakel wëll beobachte sollt een extrem gutt oppasse, well d'Sonnestrale ganz geféierlech fir d'Ae sinn:

Et soll een op kee Fall mam bloussen A an d'Sonn kucken, och net mat enger geschwäerzter Scheif oder engem normale Sonnebrëll, soss kann een d'Netzhaut verbrennen, an definitiv grousse Schuet u sengen Aen uriichten. Fir eng Sonnendäischtert ginn et extra Brëller, wou eng Folie drop ass déi just 0,01% vum Sonneliicht duerchloossen. Wann een awer näischt esou doheem huet, do gëtt et en Trick: Et kann een d'Sonnendäischtert mam Smartphone beobachten, an zwar dréit een sech mam Réck zur Sonn an et mécht een d'Frontkamera un an et filmt een am Fong d'Däischtert iwwert d'Kamera an et kann een se um Schierm ouni Gefor beobachten.

Partiell Sonnendäischterte sinn am Prinzip net esou seelen, déi nächst ass an e bësse méi wéi engem Joer, de 25. Oktober 2022. Eng total Sonnendäischtert ass ganz seelen ze beobachten. Mir haten bei eis den 8. August 1999 an déi nächst ass réischt am Joer 2081.

A punkto Wieder si jo d'Chancen exzellent fir dee Spektakel ze kucken an ze genéissen.