Bei eisen däitschen Nopere koum déi 1. Antibabypëll viru 60 Joer op de Maart an huet domat villes verännert. Geschlechtsverkéier a Reproduktioun, dat ware vun deem Moment un endgülteg 2 Saachen déi - wa gewënscht - näischt méi matenaner mussen ze dinn hunn. Sexuell Relatioune goufen deemno méi fräi. Nicky Soisson. 

16062021 60 Joer Antibaby Pell

Wann een op 1960er Joren zréckkuckt da gouf do ëmmer nees betount, wat dat Medikament fir vill Fraen, awer och Männer, bedeit huet: d'Angscht virun enger ongewollter Schwangerschaft war domadder verschwonnen. 60 Joer méi spéit fält d'Bewäertung iwwert d'Pëll awer net méi just positiv aus. Ëmmer méi Frae gesinn dës Contraceptiounsmethod als kritesch wat d'Risken uginn, Dokter Serge Ginter, Gynekolog:

"Den Haaptrisiko ass u sech d'Thrombose mat de Komplikatioune wéi eng embolie pulmonaire, en accident vasculaire cérébral. An dee muss den Dokter versichen dann och anzeschätzen ier en d'Pëll verschreift. Et gi jo och dann all déi äusserlech Facteure wéi d'Fëmmen, Iwwergewiicht oder an der Famill eng Anamnese, eng Predispositioun. Dat muss ee natierlech versichen ze klären. Da gëtt nach ë bëssi geschwat iwwer Broschtkriibs. Et gesäit esou aus wéi wa verschidde Studie weise wéi wann een d'Pëll iwwert e laangen Zäitraum hëlt, also sécher elo méi wéi 10 Joer, datt een eng ganz kleng Augmentatioun vum Cancer du sein huet. Et muss een awer wëssen, dee Risiko vum Broschtkriibs ass multifaktoriell. Et kann een awer op alle Fall soen, dass dëse Risikofacteur u sech minimal ass."

Och de Cholesterol ka bei verschiddene Frae, déi d'Pëll huelen, eropgoen. Donieft soll een och d'Schilddrüsefunktioun reegelméisseg kontrolléiere loosse well déi eventuell duerch d'Pëll kann erofgoen.

Ma och wann d'Pëll säit e puer Joer deels verdäiwelt gëtt, sou huet se och nieft der Kontrazeptioun nach aner Virdeeler.

"Et ginn och Indikatiounen, déi net contraceptif sinn fir d'Pëll anzesetzen. Zum Beispill bei Fraen, déi ganz staark Péng wärend der Reegel hunn, do ass d'Pëll eng ganz elegant Method fir dat ze behiewen. D'Pëll gëtt och agesat bei Akne well doduerch, datt een d'Pëll hëlt, ginn ëmmer déi männlech Hormoner erofgefuer am Blutt an doduerch kënnen esou Zeeche wéi Hirsutisme, also eng Behoerung déi vläicht net ästheetesch ass oder Akne kënnen domadder verbessert ginn. Also wéi gesot, et ass net nëmmen d'Contraceptioun mee et ass och oft d'Liewensqualitéit fir d'Fra déi se hëlt."

Interessant ass och wëssen, dass obwuel de Risiko Broschtkriibs ze kréie mat der Pëll ganz liicht klëmmt, dee fir Gebärmutter- oder Eeërstackkriibs ze kréien awer erofgeet.

Fir déi Fraen déi keng Pëll huelen, sief et aus perséinlecher Iwwerzeegung oder aus gesondheetleche Grënn, ginn et haut awer och nach genuch aner Alternativen um Maart.

"Do gëtt et dann de Vaginalréng zum Beispill mee do muss een awer soen, dass de Risikoprofil änlech ass wéi bei der Pëll, well et och en hormonelle Rénk ass. Da gëtt et natierlech d'Spiral. Do gëtt et eng net hormonell an et gëtt eng hormonell, et ginn Implante fir ënnert d'Haut, dat ass awer renge Progestatif erëm, dat ass och hormonell. Dat sinn a sech vun deene séchere Methoden, déi meeschtens ugewannt ginn. Et gëtt och nach eng Plooschterpëll, also eng Plooschter mat Hormoner. Et muss een awer soen, dass déi a Westeuropa ni e groussen Duerchbroch hat. Et sinn a sech wéineg Fraen déi di Plooschter droen."