Net nëmme mir si frou mam Waasser wann et waarm dobaussen ass, och eis Villercher. Eng Vullendränk am Gaart ze hunn, ass deemno e gudde Bäitrag fir den Naturschutz, virun allem wann een anzwousch wunnt wou net vill Natur a Waasser ronderëm ass. Ma et kënnt awer alt mol vir, dass dee Geste zwar gutt gemengt ass, mee d'Villercher awer net dru ginn. Firwat, dat erkläert Iech d'Nicky Soisson.

15062021 Waasser fir d Villercher am Summer

Wien eng Vullendränk a sengem Gaart opstellt, deet deene klenge Piipmatzen vill Guddes. Si hunn eng Plaz wou se drénken a buede kënnen, eppes wat se immens gäre maachen. D'Villercher sinn immens nëtzlech Déieren, halen d'Moustiquen ënner Kontroll an hëllefe bei der Ausbreedung vun eise Planzen. Mol ofgesinn dovunner, dass et einfach nëmme schéin ass hinne beim Bueden nozekucken.

Ma et kann een awer deen een oder anere Feeler maachen obwuel een et gutt mengt mat der Vulleschwämm an dat kann da mol méi oder manner negativ Konsequenze hunn.

Et geet net duer einfach mol eng Bitchen iergendwou an de Gaart ze stellen. Fir sech a Rou kënnen ze bueden, mussen dës Déiercher sech sécher fillen, Jim Schmitz vun natur&ëmwelt:

"Am beschte stellt een eng Vullendränk do op wou d'Vigel sech erëm kënnen, wa se drénken, ganz schnell an eng Heck verstoppe goen wann eng Gefor géing kommen. Déi Vullendränk soll och eventuell op engem Potto stoen well da komme soss keng aner Déieren déi iwwert de Buedem ginn och do un dat Waasser drun."

Donieft soll een hinnen och e fräit Bléckfeld bidden an idealerweis soll ee se hallef an de Schied stellen well se soss am Héichsummer ze séier waarm ginn.

An do wiere mir dann och scho beim 2. Feeler deen et gëllt ze evitéieren an zwar dee wann et ëm de Choix vum Material geet:

"Ech géif do kee Glas huelen, kee Metall. Am beschten iergendeppes aus Tonerde, wat sech net sou direkt erhëtzt a wat och e bëssi méi dekorativ ass."

Nieft dem Erhëtze besteet effektiv och nach de Problem vum rutschen. Keramik, Bëtong oder Holz sinn deemno och nach gutt Alternativen.

Ganz wichteg ass et awer och op déi néideg Hygiène bei sou enger Vullendränk opzepassen:

"Et kéint ee mol Salmonellen dra kréien. Déi Vigel déi do drénke kommen déi kommen och derzou, dass se sech bueden. Et ass jo bekannt, dass d'Vigel ganz gär bueden. An déi kacken dann och nawell gär an d'Waasser, dat ass änlech wéi bei de Fudderplazen an dofir soll een dann och all Dag dat Déngens do propper botzen, eventuell mat e bëssi eau de Javel, gutt spullen an dann erëm frëscht, neit Waasser dra maachen."