Summerzäit ass Sonnenzäit - also meeschtens op jiddefalls! Aktuell hu mir et jo nawell gutt waarm dobaussen an do dreift et een natierlech gär eraus - sief et fir spadséieren ze goen, Sport oder e klenge Picknick ze maachen oder sech et iergendwou an der Sonn a beim Waasser gemittlech ze maachen. Ma eppes soll awer bei all deenen Aktivitéiten net feelen an dat ass d'Sonnecrème! Nicky Soisson. 

15062021 Sonnecreme net vergiessen

Déi meescht Leit kenne wuel d'Recommandatiounen. Et soll een d'Sonn an der Mëttegstonn vermeiden, eppes op de Kapp doen a sech ëmmer nees acrèmen. An der Vakanz eppes wat dacks automatesch gemaach gëtt, heiheem awer éischter manner - sief et aus Manktem u Bewosstsinn iwwert méiglech gesondheetlech Konsequenzen oder well se mengen hinne kéint näischt geschéien.

An dobäi kann d'Sonn nieft direkte Konsequenzen wéi engem decke Sonnebrand oder engem Sonnestach och nach op laang Siicht grousse Schued uriichten. Mol ofgesinn dovunner, dass eis Haut méi séier al gëtt, besteet och de Risk vun Hautkriibs.

Dofir huet d'Fondatioun Cancer elo Pilotprojet an d'Liewe geruff an uechtert d'Land eng Partie Sonnecrèmestatiounen opgeriicht, op deenen ee sech gratis mat Sonnecrème zerwéiere kann.

Ma bei dëser Statioun, déi een aktuell op 10 Plazen am Land fënnt, geet et net nëmmen drëms gratis Sonnecrème ze verdeele mee och opzeklären, Dokter Carole Bauer, Onkologin a Presidentin vun der Fondation Cancer:

"Déi Statioun huet verschidde Funktiounen. Uewen, well do kommen d'Sonnestralen dran, erkläert se eis wéi een héije Risk UV, dat heescht wéi héich de Risk vun der Sonn am Moment vum Dag ass. Wat et méi rout a méi däischter gëtt wat de Risiko méi héich ass. Da fir d'Crème ze kréien, dat ass contactless, datt mer och elo an der Coronazäit näischt mussen upaken an dann ass e klenge Spot do, deen eis erkläert wat ee ka maache fir sou mann wéi méiglech Problemer mat der Sonn ze hunn."

Natierlech huet ee sech mat de Gemengen ofgeschwat a strategesch wichteg Plazen erausgesicht, also Plazen op deenen et zimmlech warscheinlech ass, dass d'Leit sech der Sonn aussetze wéi zum Beispill am Park, bei der Piscine oder beim Séi. Aktuell sinn et dann d'Gemengen Déifferdeng, Esch-Sauer, Gréiwemaacher, Hesper, Uewersauer um Stau, Réimech, Rëmerschen a Wäiswampech déi sech bereet erkläert hu bei dëser Opklärungscampagne matzemaachen.

5 Liter Crème fënnt een an esou engem Dispenser an et gëtt och reegelméisseg dofir gesuergt, dass dës nees opgefëllt ginn.

"Mir hunn natierlech opgepasst, datt et en héijen Indice de protection ass, dat heescht et däerf een net méi soen Ecran total mee sou héich wéi méiglech, dat ass de 50er, dat ass dat Héchst wat et gëtt an et ass hypoallergen, dat heescht dat ass getest fir sou mann wéi méiglech Allergien auszeléisen a se ass aus lauter  natierlechen Ingrediente gemaach."

De Risk un Hautkriibs hänkt awer net eleng dovunner of wéi vill ee sech der Sonn aussetzt. Den Hauttyp spillt scho mol eng grouss Roll:

"Wat déi méi hell ass wat de Risiko fir Hautkriibs ze kréie méi héich ass. Et huet een och nach wann ee vill Schéinheetsflecken huet, dat ass och e genetesche Facteur."

Donieft ass et och extrem wichteg, ganz kleng Kanner net an d'Sonn ze leeën well e Sonnebrand an der Kandheet ass der Onkologin Dokter Bauer no e grousse Risikofacteur.

Dës Opklärungscampagne mat de Sonnecrème Statioune leeft dann och elo iwwert de ganze Summer an dat bis September oder Oktober. E klengen Tipp mengersäits dann nach aus eegener Erfarung: eemol d'Hand ënnert deen Dispenser hale geet deck duer fir de ganze Kierper anzecrèmen, et sief dann Dir wëllt wéi eng Geisha ronderëm lafen ;).