Wärend dëser ganzer Europameeschterschaft liwwere mir iech och Dag fir Dag Hannergrondinformatioune ronderëm dësen europäesche Rendez-vous. Haut gi mer gewuer, wou d'Coupe hiren Ursprong huet, wéi vill Spiller mat dobäi sinn a vu wéi engem Club dann déi meeschte Spiller kommen.

12/06/2021 Euro2020: Vu wou kommen d'Spiller a wien déi meeschte Goaler geschoss

Zanter 1960 gëtt et d'EM, dëst ass déi 16. Editioun. Eppes wat all Ekipp wëll: natierlech d'Coupe. Se heescht eigentlech op franséisch "Coupe Henri-Delauny" an ass no dem Mann benannt, deen d'Iddi vun der EM hat. Zanter der Meeschterschaft vun 2008 huet een eng néi Coupe, se gesäit allerdéngs nach bal selwecht aus.

 

Iwwer 600 Spiller si mat dobäi, dorënner natierlech och d'Toppspiller aus der ganzer Welt. Alles an allem hunn se e Wäert vun 10 Milliarden Euro. 

621 Spiller si mat dobäi, et gi 24 Ekippen, déi meescht spillen och an Europa, ma 8 Futtballspiller sti bei engem Veräin a China, Amerika oder Kanada ënner Kontrakt. Déi iwwer 600 Spiller verdeelen sech iwwregens op 225 Veräiner.

 

116 vun hinne spillen an der englescher Premier League, 86 an der Bundesliga an 73 sinn der an der Serie A aktiv. Déi meeschte Spiller komme vun Chelsea, et sinn der 17. Op der Plaz 2 steet Man City (16) an op der 3 steet den FC Bayern. (14)

 

 De Christiano Ronaldo ass iwwregens dee Spiller dee mat 21 Mätscher, déi meeschte Mätscher gespillt huet. Zesumme mam Michel Platini steet hien un der Spëtzt vun deene Spiller déi dei meescht Goaler geschoss hunn. 9 sinn et der am ganzen. Dee Mann musse mer also an de nächste Wochen am Bléck halen.