Wien e Gaart huet, ass frou mat dem Faarwespill, wat d'Planzen dat ganzt Joer iwwer garantéieren. Eng Planz déi dofir bei eis an de Gäert immens beléift ass, ass d'Hortense, an déi Sträich changéieren d'Faarf souguer selwer, ouni dass ee vill maache muss, Jeannot Lacour.

Fréier, waren bei de Baueren vill Hortensen an de Gäert ze gesinn. De botanesche Numm "Hydrangea" dee staamt aus dem griicheschen an bedeit vill Waasser. Dat ass schonn deen éischten Tick oder déi éischt Mack, déi déi Planz huet. T'gesäit een et direkt wann Waasser feelt, zemol an Dréchenperioden. Dës Planz huet gären en humusräichen a fiichten Buedem. Wat se awer net gären huet, ass wann d'Waasser ënnen um Fouss stoe bleift.

12-06-2021 Gaardentipps Jeannot Lacour - Bauerenhortensen

Ouni Zauberei a grouss Chimie kann een mat enger Planz grouss Faarfënnerscheeder erliewen.

Verschidden Zorten wéi Bouquet rose zum Beispill änneren jee no pH-Wäert, dat heescht ass de Buedem méi sauer oder alkalesch och hier Bléifaarf. Dat gesäit een wann een emol esou eng rosa Hortense am Buttek keeft, t'setzt een se an de Gaart an bemol fänkt se un d'Faarf ze wiesselen. Se gëtt méi blo, hellblo, an da gëtt se herno méi donkelblo. Dann ass de Buedem e bësschen méi sauer.

Wann dat de Fall ass, ass de pH-Wäert nämlech ze niddreg gëtt se blo, ass de pH-Wäert ze héich da bleift se rosa. Se kann awer vu Joer zu Joer och am Toun änneren. Bësschen méi hellrosa wann de Buedem méi alkalesch ass oder méi donkelrosa.

12-06-2021 Gaardentipps Jeannot Lacour - Faarf aenneren