Bei Young Caritas kréie Jonk Léit eng Plattform fir sech am soziale Beräich ze engagéieren, an do gëtt et Solidactive, mat solidareschen Aktivitéiten a Projet’en. De Projet Articulate, war sech den Dan Vinkowski an d’Konschtgalerie Kamelle Buttek zu Esch Uelzecht ukucken.

16062021RTLReportageArticulate

Se hu vill ze erzielen déi Jonk, an dat mat hire Spray Dousen

Dat ass esou Chaos am Kapp, wat e bësschen esou d’Jugend dat lëscht Joer representéiert, et huet ee Schoul am Kapp, et huet ee Frënn am Kapp, et huet ee Fräiheet am Kapp, awer de Chaos, well een di Fräiheeten, den Ausgläich net méi huet. Well et elo laang Zäit nëmmen nach Schoul gouf, an esou Fräizäit Aktivitéiten net méi wierklech present waren.

Wien sinn di Jonk Leit di hei an dem Workshop kreativ sinn ?

Di Jonk komme bei eis, dat heescht mir maache Reklamm an eisem Agenda, op Facebook, Instagram. Sie gesinn dat dann, a wann et si interesséiert, da kommen si bei eis. Haut hu mer sechs Jonker dobäi, do ass eng fäerdeg Educatrice mat dobäi, di nach ëmmer aktiv ass, eng ugehend Educatrice, zwee ganz nei Jonker déi fir di éischte Kéier bei Young Caritas dobäi sinn, also, do sinn a bleiwe mir oppen.

De Pier Schmitz huet de Projet initiéiert an erkläert wien sech bei Young Caritas engagéiert

Young Caritas ass en nationale Jugend Service, dat heescht mir schwätzen usech all Jugendlechen am ganze Land un. Jiddwereen däerf bei eis matmaachen ab 15, 16 Joer an dat a verschiddene Beräicher bei Young Caritas, mir maachen net just Konscht Projet’en, bidden och Kolonien un, wou di Jonk als Animateur kënne matgoen, bidden och déi Formatiounen un, di en muss gemaach hunn. Mir hunn e Spillmobil, a eben mäin Beräich, de Solidactive, wou et méi em sozial an solidaresch Projet’en geet.

Mat ville knallege Faarwe ginn hei di grouss Cuben bemoolt...

Mam Surf Briet wëll ech symboliséieren, di Fräiheet di een huet wann ee surft a Space ass jo wierklech eng Fräiheet, déi een huet, dowéinst hun ech den als Hannergrond geholl, einfach fir d’Fräiheet ze symboliséieren die een elo an der Läscht net méi hat, awer elo hoffentlech nees zeréck kritt, andeems een sech op d’Surfbriet setzt, an d’Wëllen era kuckt, respektiv an di néi Zukunft ouni Masken, ouni Corona.

De Projet heescht Articulate, also mat Konscht sech ausdrécken, et geet am Endeffekt dorëms dat jonk Benevolle bei Young Caritas sech kënnen ausdrécken, dat ganz op holze Cuben vun 3 mol 2 an en Hallwe Meter.

A genau déi Cuben wäerten dann och ausgestallt ginn, fir hir Iddi, dat wat si eis wollte matdeelen zur Covid Pandemie, wat bei hinnen esou virgaangen ass an dem lëschten Annerhallwe Joer, an dat och anere Leit ze weisen.

An di frësch Kënschtler hunn no esou laanger Zäit e kloren Message:

Ech denken dat all Mënsch sech freet wann et eriwwer ass, a wat maachen se da mat de Masken, se geheien se an d’Lucht, wëll mer se net méi brauchen.

Wei di jonk Artisten, kënschtleresch begleet ginn, méi iwwert de Kamellebuttek zu Esch, a wou di grouss faarweg Cuben duerno ausgestallt ginn, kritt der a Bild an Toun bei eis op radio.rtl.lu

RTL
RTL
RTL
RTL
RTL