Den Dag vum frësche Geméis. An dee fält net fir näischt matzen an de Juni. Op gréng oder rout oder giel, orange oder wäiss, Geméis ass wichteg.

16/06/2021 Op den Dag

Haut ass de Fresh Veggies Day. Den Dag vum frësche Geméis. An dee fält net fir näischt matzen an de Juni. Op gréng oder rout oder giel, orange oder wäiss, Geméis ass wichteg. D'WHO schwätzt vun engem Minimum vu 400 Gramm Geméis a Friichten déi een all Dag sollt zou sech huelen, an dozou gehéiere keng Gromperen. Dat wieren eng 5 Stéck Geméis an Uebst den Dag. Da ginn et Etüden déi schwätzen vun der duebeler Quantitéit. Wéi sou fält den Dag vum frësche Geméis op den 16. Juni? Dat huet einfach domat ze dinn, dass dorëm, sou Ufanks vum Summer déi herrlech nei Geméis-Saison ufänkt mat frësche, lokale Produiten an dësen Veggies-Day soll engem einfach d'Gewunnecht ginn fir drun ze denken genuch Geméis zou sech ze huelen. Wéi sollt een dësen Geméis-Dag feieren? Do ginn et méi Méiglechkeeten: op de Maart goen, bei d'Spezialisten um Geméis a vum Uebst. Sech seng frësch Vitaminne-Sprëtzen heem liwwere loossen. Iwwerleeën op een net awer vläicht e klengen Eck huet wou ee selwer e puer Saache kann uplanzen. Oder wat ee vläicht nach ka maachen op dësem Fresh Veggies Day. Einfach mol Geméis probéiere vun deem ee soss ëmmer gemengt huet et hätt een et net gär. De Mënsch géing säi Goût all 7 Joer änneren heescht et. Vläicht schmaacht de Spinat dann elo awer, oder d'Spargelen oder déi rout Rommelen oder de Brokkoli. Wien net wot, wien net gewënnt. An an dësem Fall kann een definitiv näischt falsch maachen.