D'Summerwieder ass do an domat och deen een oder aneren Dag wou et esou waarm gëtt, dass een et scho bal net méi dobaussen aushält. Wann et richteg waarm ass, gëtt de Kierper ugegraff, well en dës staark Hëtzt permanent ausgläiche muss fir op enger gesonder Temperatur ze bleiwen, Michèle?

17062021 Gutt a Form - deck Hetzt

An hei kann een direkt e puer Precautiounen ergräifen, fir net drënner ze leiden. D'Sandra Matos, Infirmière a Responsabel Adjointe vun der Antenne Help am Süden erkläert eis wat am aller-wichtegsten ass:

• Drénkt reegelméisseg kleng Quantitéiten (2-4 Mol an der Stonn) an ouni drop ze waarden, dass Dir duuschtereg sidd: op mannst 1,5 Liter den Dag. Am beschten ass Waasser, egal ob platt oder spruddeleg, oder anert Gedrénks mat wéineg Zocker.

• Iesst normal. Wann Dir net vill Appetit hutt, dann deelt d’Portiounen op; iesst all Dag Uebst, Cruditéiten, Zalot a Geméis, fir de Kierper mat Mineralstoffer ze versuergen.

• Verbréngt e puer Stonnen am Dag op enger killer Plaz oder am Schied.

• Halt d’Hausdieren an d’Fënsteren zou, soulaang wéi d’Baussentemperatur méi héich wéi d’Bannentemperatur ass; profitéiert vun deene méi killen Temperaturen owes, nuets oder am fréie Mueren, fir Är Wunneng gutt ze lëften.

• Gitt reegelméisseg duschen oder deelweis bueden, fir Iech z’erfrëschen.

• Evitéiert erauszegoen, wann et am wäermsten ass; wann Dir awer eraus musst, da bleift am Schied a bedeckt Äre Kapp.

• Evitéiert intensiv physesch Efforten a sportlech Aktivitéiten, wann et am wäermsten ass.

Wann Dir selwer oder eng Persoun an Ärem Ëmfeld iwwer 75 Joer al sidd, denkt drun, Iech fir de Canicule-Plang unzemellen, fir dass medezinescht Personal reegelméisseg no Iech kucke kommen, wann Dir zu de Risikopersounen zielt. Wann Dir méi doriwwer wësse wëllt, kontaktéiert d’Lëtzebuerger Croix-Rouge op der Nummer 27 55.