Wësst der wat fir eng Demande an der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen vun Ufank un déi meeschte Supporter hat? Et war déi vun der indescher Regierung 2014, fir en internationale Yoga-Dag anzeféieren. Déi Demande hat grousse Succès an dat ass deen Dag dee mer haut och feieren, Michèle Schons?

21062021 Welt-Yoga-Dag

Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. E kënnt aus dem Sanskrit an et heescht ganz einfach. Unioun. Unioun mat allem ronderëm eis, mam Geescht an och mam Kierper, an de Yoga ass d'Technik fir dat ze spieren an ze léieren. D'Sarah Cattani ass scho ganz laang Yogaprof an erkläert:

Et gëtt eng Onmass un Zorte Yoga, ganz vill verschidde Richtungen, Nieft all den Indesche bekannte Masteren ginn et hautdesdaags och nach aner Variatioune wou Yoga sech mat anere Saache mëscht, Akro-Yoga, Kanneryoga, Yoga fir eeler Leit, Yoga a Klammen, Yoga a Surfen, Schwangerschaftsyoga, Yoga fir Réckeproblemer, a jidderee ka fir all Liewenssituatioun hei Eppes fannen.

Normalerweis kommen op dësem Dag masseweis Leit zesumme fir d'Sonn ze gréissen. Virun dräi Joer gouf et laut Guinnessbuch vun de Rekorder déi gréisse Yoga Sessioun vun allen Zäiten. Méi wéi 100.000 Mënsche koumen dofir an der nordindescher Milliounestad Kota zesummen.

RTL

Firwat dann elo dee Welt-Yoga-Dag?

Um Dag vun haut hat den indesche Premier Narenda Modi 2014 dëst bei de Vereenten Natioune proposéiert. Den Hindunationalistesche Politiker ass selwer iwwerzeegte Yogi mat engem eegene Yoga Youtube Kanal. Hie presentéiert Yoga als e Wee fir méi Gesondheet a Fridden. Ma fir hien ass Yoga nach vill méi.

Yoga ass méi wéi nëmmen Deenen a Strecken an e puer akrobatesch Übungen. Et ass eng Philosophie, déi och Meditatioun an Otemübunge mat um Programm huet. Si gouf viru méi wéi 5000 Joer an der Regioun vum haitegen Indien erfonnt. An doriwwer eraus soll Yoga och déi bannenzegt Harmonie an den Aklang mat der Natur fuerderen.

An Nepal mussen d'Schüler an Zukunft och Yoga léieren, esoubal d'Schoulen nees normal funktionéieren. Um neie Léierplang si Yogaübunge wéi och Texter virgesinn, an eeler Schüler sollen sech nach méi déif op Yoga an déi traditionell Heelkonscht vum Ayurveda spezialiséiere kënnen.

RTL

Wéi vill Etüde beweisen ass Yoga och immens gesond. Et kann net nëmme gewësse Verbesserung bei Réckeproblemer oder och Asthma mat seng bréngen, ma reegelméissege Yoga reduzéiert och Stress an entspaant. Och bei diverse Krankheeten wéi Häerz-Kreeslaf-Stéierungen, Aschränkunge vum Beweegungsapparat esou wéi och psycheschen Erkrankunge soll de Yoga hëllefen.

Eng ganz schéin Traditioun ass och um Weltyogadag de Sonnegrouss 108 mol ze üben. 108 ass d'helleg Zuel am Yoga, a genee esouvill Pärelen huet och déi bei de Yogi beléifte Gebietsketten, d'Mala. Wann ee keng Geleeënheet huet fir un enger Yogamanifestatioun deelzehuelen, ass dat vläicht eng Iddi fir dee Sonnegrouss dann doheem selwer ze üben.

Déi eelste Yogaléierein ass iwweregens 95 Joer al, d'Kanadierin Ida Herbert. Hiere Secret fir e laangt Liewen ass: All Dag e puer Minutte Yoga, Junkfood evitéieren, am Gaart schaffen an ee Glas Sherry nom Iessen.

RTL

© pixabay