1800 Schüler an 350 Enseignante schaffen an där Schoul, wou mer haut de Moien op Besuch sinn. Et ass eng vun den eelst Schoulen hei am Land, an och no 125 Joer nach ëmmer eemol esou kreativ wéi d'anert mol, Michèle Schons, ziel eis mol wou's de grad dru bass?  

08/07/2021 Am LAM: Ausbildung a Formatiounen

Am Arts et Métiers ginn eng ganz Partie verschidden Ausbildungen déi op all Niveau ugebuede ginn, sief et Artistique, Mecanique, Informatik, Elektrotechnik, oder Relieur.  

RTL

© miSchons

De Stonneplang besteet zum groussen Deel aus prakteschem Cours, wou zum Beispill an der Mecanique un de Maschinnen a Wierkbänke geschafft gëtt, wat u sech och mat den Theoretesche Couren och d'Haaptfächer sinn, déi herno bewäert ginn. Donieft ginn och Stagen an de Betriber gemaach an dat geet vu klengen Aufgaben, déi ëmmer méi komplex ginn, bis zum Projet fin d'études, wou eleng eng komplett technesch Maschinn plangen an zesummebauen.

RTL

© miSchons

De groussen Deel vun den Atelieren ass um Lampertsbierg um Site, an dräi Ateliersbléck, déi mat ganz spezifesche grousse Säll an och deenen néidege Maschinnen equipéiert sinn

Zanter dräi Joer gëtt et och eng nei Sektioun, d'Science Naturelle, wou d'Wëssenschaft mat erabruecht gëtt, eng flott Kombinatioun vu Praxis an Theorie, wou mat Labo verdäitlecht gëtt, wéi een säin Job een herno kann duerchféieren.

RTL

© miSchons