© P. Greis
Vläicht hu der och schonn déi säfteg Äppelchips vun der Ligue HMC genaschelt, an dir waart Iech es just net bewosst. Dat sinn déi gedréchent Réng déi een owes een nom aneren fuddert a sou selwer keen Apel ze schiele brauch. Déi kommen vun Ollem. A well awer elo keng Äppelzäit ass, huet eisen RTL Reporter sech fir d'Hammbier interesséiert, déi de Moment zeideg sinn an zu Ollem gepléckt ginn.
Am meeschte gelies