Den 29. Juni 1886 ass de Robert Schuman, franséischen Ausseminister, hei zu Lëtzebuerg a Clausen op d'Welt komm, ass do an d'Primärschoul gaangen an huet och seng Jugend do verbruecht. Mat senger Lëtzebuerger Mammesprooch hat de bekannte Politiker deemno grouss Attachen an eisem Ländchen wéi säi Gebuertshaus, haut Deel vun der Uni Lëtzebuerg, bezeit. E klenge Portrait vun engem grousse Mann dee vill fir Europa bewierkt huet.

29/06/2021 Dem Robert Schuman säin 135. Gebuertsdag

De Schuman war franséische Ministerpresident an wärend senger Funktioun als franséischen Ausseminister huet de Robert Schuman den 9. Mee 1950 de Wee zu der Schafung vun der Kuel- a Stolunioun an Europa virbereet deen och als "Schumans Plang" bekannt ass. Natierlech net ouni Hannergedanke wéi de Guido Lessing, detachéierte Geschichtsenseignant am Center for Contemporary an Digital History (C2DH) op der Uni Lëtzebuerg erkläert:

"Den Hannergedanke war natierlech, 5 Joer op den Dag nom Enn vum 2. Weltkrich, ze verhënneren, datt e Land nees onbemierkt kéint Krichsrüstung bedreiwen. D'Iwwerleeung war en plus an engem ganz limitéierte Secteur eng Zesummenaarbecht ze erreechen an doduerch eng Solidarité de fait, wéi sech de Robert Schuman ausgedréckt huet, ze schafen. Aus dem 1. Schratt ass d'CECA (Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier) entstanen, dono dann 1958 déi europäesch Wirtschaftscommunautéit. Doraus ass dann 1992 d'Europäesch Unioun ervir gaangen."

Säi Verdéngscht war deemno deen, datt hien zu engem Zäitpunkt wou d'Versönung nach net sou grouss geschriwwe war an Europa de Schrëtt gewot huet op Däitschland duerzegoe fir e gemeinsaamt Europa opzebauen. Ma dat war awer net alles:

"Well hien dann als franséische Politiker vill dozou bäigedroen huet déi traditionell Oppositioun oder de Konflikt tëscht eise groussen Nopeschlänner Frankräich an Däitschland opzeléisen, ass och Lëtzebuerg méi sécher ginn. A virun allem huet hien d'Basis geluecht fir eist gemeinsaamt Haus Europa an deem Lëtzebuerg och haut ganz gutt lieft."

Hei zu Lëtzebuerg gëtt säi Gebuertshaus dann och haut nach an Éiere gehalen.

"1985 huet d'Regierung ënnert deem deemolege Staatsminister Jacques Santer d'Haus kaf. Als Gebuerts- a Wunnhaus vum Robert Schuman ass et Deel vum Lëtzebuerger an och vum europäesche Patrimoine. Ënnert dem Lëtzebuerger Historiker Gilbert Trausch ass e puer Joer dono, dat war 1991, am Haus e Centre d'Etudes et de Recherches Européennes gegrënnt ginn. Haut ass d'Schumanshaus Deel vun der Uni Lëtzebuerg an do speziell vum C2DH."

De Poopst huet dann elo och kierzlech d'Autorisatioun gi fir de Robert Schuman séileg ze schwätzen. An dat kënnt net vun ongeféier:

"Ganz sécher hat hien awer e ganz tugendhafte Liewenswandel. Seng Erzéiung war ganz kathoulesch, esou wéi een dat haut bal net méi kennt. A wann ee sou kuckt wéi onsécher an instabil eis Welt ass a mir zanter gutt 75 Joer an der EU am Fridde liewen, da gëllt dat fir munch ee schonn als Wonner a Wonner gewierkt ze hunn, ass jo eng vun de Viraussetzunge fir séileg geschwat ze ginn."

Natierlech huet dee franséischen Ausseminister sech mat senger Approche net nëmme beléift gemaach. An awer huet hie wärend Liefzäite Grousses beweegt. Zesumme mam Jean Monnet gëllt hien effektiv als Grënner vun der Europäescher Unioun a war dono och President vum Europäesche Parlament. De 4. September 1963 huet de Robert Schuman eis am Alter vu 77 Joer verlooss.