Kleng, awer oho ! Esou kéint een d'Kiischt kuerz beschreiwen. Egal op Séiss- oder Sauerkiischten op giel- orange- hell- oder donkelrout, si loossen sech immens villsäiteg verschaffen a sinn niewebäi och nach extrem gesond. An elo hunn se Saison. D'Michèle Schons war Kiischte plécken:

01072021 Kiischten - E klengt Uebst mat grousser Wierkung

Op aus dem Noper sengem Gaart, aus dem eegenen oder och vum Maart oder der Epicerie, d'Kiischten hunn elo Saison an dovunner sollt ee profitéieren. Dat klengt Uebst schmaacht net nëmme puer, ma och mat Kanéil, Zocker, am Kuch, oder am Jus. Donieft hunn déi kleng rout Friichten och immens wäertvoll Saachen an sech an dat gëllt fir déi séiss, wéi och fir déi méi sauer Zorten.

RTL

© pixabay

Kiischten hu ganz vill Folsaier, natierleche Fruuchtzocker, Sauerkiischten nach e bësse manner, an trotzdeem hunn se just 60 Kalorien op 100 Gramm. Nieft de ville Vitaminnen sinn se och nach entgëftend, schütze virun UV Stralen a suerge fir eng schéin Haut an e gesonde Schlof.

RTL

Wee Kiischten ësst a Waasser drénkt, kritt de Bauchwéi. Op mannst huet een eis dat fréier mol agetriichtert. Allerdéngs ass dat e Mythos. Bauchwéi kann een trotzdeem mol kréien awer éischter well se d'Verdauung ureegen an eng liicht offéierend Wierkung kënnen hunn. Dacks ass dat och op d'Keimen zeréckzeféieren, déi nach um Uebst drop sinn, wann se net anstänneg gewäsch sinn. Awer et kann een se jo op vill Manéiere genéissen.

RTL

© pixabay

Generell gëllt d'Kiischten am beschte frësch iessen. Am Frigo halen se sech héchstens zwee bis dräi Deeg an et soll een se och réischt virum Iesse wäschen, well se soss duerch d'Fiichtegkeet séier schëmmele kënnen. Dëst Joer ass et mat der Recolte awer leider e bësse méi moer wéinst dem Frascht, de Beien déi net esou vill geflu sinn an de Vullen déi se klauen.

Enn Mee, Ufank Juni kommen an der Reegel déi éischt Séisskiischten op de Maart, Haaptsaison vun de sauere Kiischten ass Juli bis August.