De Maine-Coon-Kueder Poli sollt mat senger jonker Meeschtesch heemfléien. De Poli begleet si méi dacks op sou Reesen, an et gouf et scho vill Misär mat senger Reeskränkt. An elo kënnt d'RTL Déierendoktesch Romi Roth an d'Spill, fir de klenge Patient ze behandelen.

01/07/2021 Déierentipp: Reeskrankheet bei Kazen

Ënner Rees- oder Flugkrankheet, am medezinesche Jargon och nach "Kinetos" genannt, gëtt d´Reaktioun op ongewinnt, passiv Beweegungen verstanen, deenen een grad op Reesen mam Fliger jo ausgesat ass. Schold un der Kinetos méi speziell bei deene mat de sametten Patten si virun allem zwou Ursaachen: wéi scho gesot ouni selwer eppes kënnen ze ënnerhuelen, passiv beweegt ze ginn op däer enger Säit, mä op däer anerer a méi speziell bei Kazen d'Angscht virum Transport an engem meeschtens zimmlech enken Kuerf.

01-07-2021 Déierentipp - Romi Roth - Reeskrankheet bei Kazen

An zanter dass et op ville Volen zu penibelen Situatiounen wéinst Niewewierkungen oder ze staarkem Effet vu Medikamenter géint Kinetose oder vu Berouegungsmëttelen koum, akzeptéieren vill Compagnien scho guer keng sédéiert Kazepassagéier méi u Bord.

Am Fong sinn d´Gläichgewiichtsorganer ugeluecht, fir d´Goen zu Fouss ze managen. Bei der Reeskrankheet dréine se duerch, well de Kierper staark beweegt gëtt, ouni selwer aktiv ze sinn a bei den Déieren stëmmen d´optesch Reizer an der Transportbox jo och nach net mat de Beweegungen vum Fliger, déi d´Déier fille kann, iwwerteneen. Doduerch gëtt d´vegetatiivt Nervesystem op d´Kopp gehäit. Et kann awer probéiert ginn, duerch ganz virsiichteg Doséieren vu Medikamenter géint Erbriechen, dee vegetative Stress ze berouegen. D´Angscht  u sech, déi virun allem duerch schlecht Erfarungen kënnt, sollt calméiert ginn, andeems d´Reeskränkt Déier och emol op méi agreabel Plazen matgeholl gëtt wéi bei den Déierendokter . Am Kazekuerf dee vu banne mat sougenannte Gléckspheromenen traitéiert ass.

01-07-2021 Déierentipp - Romi Roth - Behandlung vun Kinetos