D'RTL Déierendoktesch Romi Roth stellt Iech haut gären de Fall vum Jempy vir. Dëse Rauhaardackel mat groussem Juegdinstinkt, war owes am Bësch alt nees engem Fuuss nogelaf a koum Stonnen dono eréischt bei senger Meeschtesch hiren Auto zeréck gedackelt. Well hien sech och am Fuussendreck gewänzelt hat, huet hien e Gallem verbreet, dass ee mat oppenen Autosfënsteren huet missen heemfueren wou de Jempy eenzock an d´Buedbidde gesat gouf.

Dobäi ass opgefall, dass dee klenge Mupp  iwwert de ganze Kierper mä virun allem iwwert säi Nueseréck an un de Spëtzen vun den Ouereläffelen rout a geschwollen Plazen hat. De nächste Moien waren déi Plazen méi schlëmm an hunn och scho bluddeg gesëffert. Seng Meeschtesch huet hien hellewech an d´Urgence bruecht, wou mat enger Bluttënnersichung an mikroskopeschen Hautanalysen erausfonnt gouf, wat dem Jempy säi Problem war: Hien hat sech am Bësch mat Fuussekrätz ugestach.

06-07-2021 Deierentipp Romi Roth - Fussekrätz - Feststellung

Déi aarme Fiiss. No der Tollwut an dem Fuussebandwuerm an an der Lescht der Staupe elo och nach eng Hautkrankheet, déi d´Reenerte verbreede sollen. D'Sarkoptes-Milben, sinn d'Ursaachen vum leider wierklech ganz ustiechende a vill verbreete Fuussekrätz, an dofir, oder besser dogéint gëtt et eng nei, ganz praktesch Generatioun Antiparasitemëttel.

Déi Medikamenter a Form vu Pëllen wierken net just géint Krätzmilben an all aner baussecht Parasitten, mä esouguer och géint banneschter, wéi ënnert anerem och de Fuussebandwuerm. Géint säi Krätz selwer huet den aarme Jempy awer fir e puer Wochen ganz intensiv misse behandelt ginn. Géint d´Milben, déi ënnert senger Haut scho fläisseg Katakomben gebuert haten, krut hien ee speziellt Medikament per Injektioun. A well ganz séier och Bakterien un déi oppen Krätzwonnen komm waren, huet hien och en Antibiotique an eng Behandlung géint d'Entzündung misse kréien. Wéinst sengem schlëmme Juegddriff a well den Hond vun engem Noper bei enger Juegdaktioun e Réi op d´Strooss virun e Bus gedriwwen hat, wat op en Hoer ausser dem Dout vun deem schéine, jonken Bëschdéier och nach zu engem uergen Accident gefouert hat, ass de Jempy nach just mat Flexi spadséiere gefouert ginn.

06-07-2021 Deierentipp Romi Roth - Fussekrätz - Behandlung