D'Deltavariant huet hei zu Lëtzebuerg d'Iwwerhand. Ëmmer méi Neiinfektiounen sinn op dës Variant zeréck ze féieren. Do stellt ee sech natierlech, mat Recht, d'Fro: Wierkt mäin Impfstoff och géint d'Deltavariant? Den Dokter Schockmel huet dorop eng ganz kloer Äntwert.

08072021 Wierkt meng Impfung geint Deltavariant

"D'Delta Variant ass méi transmissibel a méi einfach iwwerdrobar". Dat sot den Dokter Gerard Schockmel hei op der Antenn. Dës Variant ass och zu Lëtzebuerg am Gaangen sech aus ze breeden. Dat huet och ee ganz einfach Grond, sou den Dokter Gerard Schockmel weider.

"Well natierlech ëmmer nach een Deel vun der Bevëlkerung net geimpft ass, entweder well se nach net konnten dru kommen; ech denken u Kanner u Jugendlecher an natierlech en aneren Deel sech net Impfe léist".

Esou laang dat de Fall ass muss een dovun ausgoen dat e Reservoir u Leit do ass, déi sech kënnen infizéieren an déi natierlech och d'Infektioun viru ginn. Sou den Dokter Gerard Schockmel weider.
Fir de vollen Impfschutz ze kréien ass déi 2. Impfung indispensabel. Prezisiounen nach eemol vum Dokter Schockmel.

"Mir hunn am Moment preliminär Donnéeën aus England déi am Prinzip ganz positiv sinn. Den Astrazeneca wierkt. Och de Pfizer-Impfstoff wierkt. Natierlech no der 2. Dosis am beschten. Bis een déi 2. Dosis huet ass d'Wierksamkeet natierlech nach vill méi kleng. Et ass och e gewëssen Ënnerscheed. Bei Astrazeneca, wéi gesot, et ass nach eng kleng preliminär Studie, si mer villäicht bei enger Protektioun vu 60 Prozent géint symptomatesch Erkrankung a bei Pfizer bei 80% no där Studie".

Sämtlech Impfstoffer schütze géint Komplikatiounen, géint eng schwéier Erkrankung. Bei liichten Infektioune sinn RNA-Impfstoffer besser par Rapport zu de Vektor Impfstoffer. RNA-Impfstoffer schütze besser géint Kräizvarianten.

RNA-Impfstoffer hunn awer e bëssen eng Nues viraus. Well se nach besser géint liicht erkrankunge schützen, well se besser géint Variante schützen. Et ass eigentlech ze erwaarden, datt och bezüglech Transmissioun a bezüglech wéi vill Leit musse geimpft ginn, fir eng Herdenimunitéit ze kréien, d'RNA-Impfstoffer e Virdeel bidden.

Mat den RNA-Impfstoffen ass dann eigentlech ze erwaarden, dass Transmissioun an d'bilde vun enger Herdenimmunitéit, mat RNA Impfstoffer e Virdeel bitt.