Wou kommen är Kleeder hier? Kaaft dir dacks nei Saachen oder hutt Dir Stécker, déi iech scho vill Jore begleeden? Froen, déi een sech vläicht net esou dacks stellt oder d'Äntwert net wësse wëll. Genee dorëms soll et awer elo goen. Säin eegent Verhalen a Saache Kleeder iwwerdenken. Am Kader vun der Campagne "Rethink your Clothes" vum Kooperatiounsministère hunn d´ONG FairTrade a Caritas e neie Projet lancéiert. FairFashion Lab. Fair Moud vu Letzebuerger Kënschtler.

13/07/2021 Fair Fashion Laboratoire

De Fair Fashion Lab ass wéi et dem Numm scho seet e Laboratoire. An Zesummenaarbecht mat 6 Lëtzebuerger Kënschtler ginn hei Kleedungsstécker entworf. Ufanks des Mounts ass dat éischt erauskomm, passend fir de Summer eng Kap. 

RTL

© Fairtrade Lëtzebuerg

De Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg erkläert wat dat Besonnescht drun ass.

Jean-Louis Zeien: Den éischte Produit, deen elo lancéiert ginn ass, dat ass eng wierklech flott a cool Kap, déi den Antoine Lesch, mat senger Mark "SOIN" entwéckelt huet. Wat och bëssen e flott Wuertspill ass, well SOIN, dat gëtt et jo net nëmmen am Engleschen, dat gëtt et och am Franséischen. So schwätzt et sech dann "soin" aus, "Prenez- Soins", an dat ass e flott Wuertspill fir de Leit och däitlech ze maache mat dëser flotter Kapp, datt mir mussen oppassen. Éischtens op eis géigesäiteg an zweetens och op eis Ëmwelt.

RTL

© Fairtrade Lëtzebuerg

D´Textilindustrie ass nämlech dacks alles anescht wéi fair, op d'mannst net aus der Sicht vun de Leit, déi d'Kleeder hierstellen.

Jean-Louis Zeien: Well ech mengen alleguerte kenne mir dat Spréchwuert "Kleider machen Leute", an dofir sichen sech d'Leit natierlech gären eppes Schéines eraus. Awer wa mir dat Spréchwuert eescht huelen, da musse mir et och ëmdréien. "Leute machen Kleider" Dat gehéiert och zu der Realitéit vun eiser Moud.

Déi sougenannte Fast Fashion steet ëmmer nees an der Kritik. Virun allem zanter engem schrecklechen Accident am Bangladesch ass et nees eng Kéier méi an de Fokus geréckelt. Iwwer 1000 Mënsche ware virun 8 Joer an engem Gebai zu Rana Plaza ëm d'Liewe komm. Do waren direkt e puer Atelieren, déi fir europäesch Textilfabricke geschafft hunn. Deemools huet sech zwar déi breet Mass iwwert Zoustänn opgereegt. Geschitt, wär zanter deem awer net vill.Jean-Louis Zeien: Mee elo kann ee jo soen, dat doen ass virun 8 Joer geschitt. Ass dat net duergaangen? Anscheinend net? Well am Februar sinn 28 Textilaarbechter an dovunner ee 14-järegt Meedchen ëmkomm, bei enger Fabrikkatastrophe am Marokko. A Kairo sinn ee Mount duerno 8 Mënsche gestuerwen an 29 goufe verletzt, wéi e Gebai mat 10 Stäck an där eng Bekleedungsfirma dra war am fréie Moien op si agestierzt sinn. Also alles dat do, si leider traureg Tatsaachen, déi weisen, dass scheinbar nach net geléiert ginn ass. An, dass mir mussen aus enger Fast Fashion erauskommen, hin zu enger Fair Fashion.

A fir déi dann och de Leit méi no ze bréngen, ass et d´Aufgab vum Antoine Lesch, Lynn Cosyn, Cathy Thill, Mia Kinsch, Alain Welter an Irina Moons. Dat sinn d'Kënschtler vun deenen an deem nächsten hallwe Joer all Mount en neit Kleedungsstéck erauskënnt. Fair produzéiert mat Bio Kotteng vu Fairtrade Partner aus dem Süden.

RTL

© Fairtrade Lëtzebuerg

Jean-Louis Zeien: Fir eis ass et elo mol wichteg däitlech ze maachen, dass d´Offer vu Fair Trade Textilien, kënnen a musse mir erweideren a méi attraktiv gestalten. An datt een och gesäit, dass och eng nohalteg Moud och cool a kreativ ka sinn. 

Um Enn vun deene 6 Méint soll een sech da vu Kapp bis Fouss mat fairer Moud akleede kënnen. Och fir Kanner, Puppelcher an erwuesse Leit wäerten et Offere ginn. Fir, dass et nohalteg bleift, gëtt et d'Kleeder just op Virbestellung. Just esou vill wéi och gewollt a benotzt gëtt, soll produzéiert ginn. 

D´Kap kann een nach bis de 15. virbestellen. Op rethink.lu: