Et gi Saachen, iwwer déi ass ee frou, dass et se net méi ginn, well et eben nei Artikele ginn déi d'Liewen méi einfach maachen. Da ginn et awer och Saachen, do kënnt Nostalgie op. Bei dësem fréiere Produit dierften et déi zwee sinn. De Luca beschreift einfach mol wat hien gesäit wann en sech dat Déngen do ukuckt.

14/07/2021 Vergiesse Saache vu fréier - Videokassett (Internet)

Schwaarze Plastik 18.7 cm laang, 10.3 cm breet an 2 cm déck, an déi zwee Rondelen, ronderëm déi war de Band opgewéckelt wou et eng schéin Bandzalot konnt ginn, wann déi VideoK7 schonn e puer mol gekuckt an zréck gespullt gi war. Well zréck spullen, dat war wichteg, iert ee se erëm zréck an d'Videothéik gedroen huet, erënnert'Der Iech? Awer virun der Bandzalot waren t'éischt mol Sträifen am Film, duerno huet den Toun geeeërt an d'Bild geruckelt. Mee et war eng Revolutioun fir sech de Kino Heem ze huelen. Fir sech e Film opzehuelen fir dee Filmchen dann an sou dacks ze kucken wéi ee Loscht hat. VHS, 1976 erauskomm, war de Gewënner vun alle Formater. Virun allem an den 80er an och nach 90er war déi BildK7 'de' Medium, ausser fir d'Filmproduzenten déi wéinst den illegale Copien net esou glécklech waren.Zanter dem Juli 2016, also scho 5 Joer laang gi keng Videoapparater a K7te méi produzéiert. Nostalgie léisst d'Präisser klammen. Al VHS K7en gii richteg deier op Ebay verkaaft, virun allem wa se nach ageschweesst sinn oder wann et eng Speziell Editioun ass. Fir de Rescht bleift deen décken Apparat deen an der Stuff un déi déck Tëlee ugeschloss stoung, wou een déi déck K7en dra gemaach huet fir sou muncher een Nostalgie.

Da kuckt elo mol op Der keng al VideoK7 aus enger Videothéik méi Doheem leien huet. Am Oklahoma gëtt eng Fra zanter 1999 vun der Police gesicht well si 'Chilling Adventures of Sabrina' (Sabrina total verhext) net zréck ginn huet. Dat huet si viru kuerzem eraus fonnt wou si den Numm an hirem Führerschäin wollt änneren. Dobäi huet sech erausgestallt, dass déi elo 52 Joer al Fra zanter 22 Joer wéinst där VideoK7 offiziell gesicht gëtt.