Um Ufank wou mer se hu missen hir ginn, dunn hu mer geduecht mir kéinten eis ni dru winnen. De Luca oballefall  hat nach ni ee gesinn.

21/07/2021 Vergiesse Saache vu fréier - Honnerter (Internet)

Déi Stad, dat ass d'Stad Lëtzebuerg. Dat grousst Haus ass de Palais, dee Mënsch an Uniform, dat ass de Grand-Duc Jean. Op der enger Säit vum Schäin war de fréiere Groussherzog mam Palais am Hannergrond. Op der anerer Säit den historesche Kär vun der Stad mat der Festungsmauer. Sou hunn eis Honnerter ausgesinn. Den Honnert-Frang-Schäin. Den 28. Februar virun 19 Joer, 2002 hu mer fir t'lescht mat eise Frange bezuelt. Duerno ass och den Honnerter an d'Vakanz gaang. An dat Wuert Vakanz erënnert een dru. Souguer wann een nëmmen eriwwer bei eis Franséisch Noperen gefuer ass, oder einfach bis op Tréier, dann huet ee misse Suen op der Bank wiesselen. Am rosensten ass een awer gi wann d'Belsch engem säin Fënnefdausender net ofgeholl hunn. Jo deen hate mer och, den Honnerter, den 20er, 50er an den 1.000er. Mol eng belsch mol eng Lëtzebuerger Versioun. A wann een haut ëmrechent. En Honnerter-Schäin, deen hat e Wäert vun 2.50 €. Do hat een e Schäin am Grapp. Dofir krut ee virun 20 Joer nach méi wéi eng Dose Bréidercher. Haut wier d'Tut butzeg wann ee géing mat honnert Frang beim Bäcker eraus kommen. A wa mer scho bei de Präisser si vun de Liewensmëttel, fir dat berüümt Pond Kiischten misst een aktuell 3 Honnerter op den Dësch leeën. Fir muncher een sou vill Täschegeld wéi et an enger Woch gouf. Seng Lëtzebuerger Suen kann een iwregiens nach ëmmer ëmtauschen. Bei der Zentralbank. Aktuell missten nach eng ronn 200 Milliounen Luf'en ënnerwee sinn, net well se vertässelt gi wieren oder vergiess, mee ganz dacks aus Nostalgie.