Et gi Saachen, déi ware féier ganz normal. Haut ginn et se net méi. Sou wéi dat wat de Luca eis elo beschreift.

28/07/2021 Vergiesse Saache vu fréier - Testbild (Internet)

An dat faarwegt Bild mat Rondel an engem Wuert um Fernsee, wat meeschtens och nach ze héiere war, dat war ganz einfach fréier de Sendeschluss, d'Testbild wat op der Tëlee komm ass wann de Programm eriwwer war. Faarweg natierlech eréischt wou déi faarweg Tëlee sech Ufank a Mëtt den 1970er ëmmer méi duerchgesat huet. Haut ka kee sech méi virstellen, dass ee bei deem Gepiips géing waakreg ginn, nodeems de Film eriwwer ass a Schluss op der Tëlee, bis den nächsten Dag. D'Tëlee leeft 24 Stonnen op 24, mat Kaffisfernsee, an Nuetsprogramm. Dee Ronderëm d'Auer Fernsee deen déi Privat Sendere mat no vir gedriwwen hunn. Souguer op engem Kannersender gëtt et en Nuetsprogramm mat engem Brout wat iwwer den Ecran spadséiert. Dat Sendeschluss-Bild, an sech d'Testbild, huet awer och eng technesch Funktioun, an zwar fir d'Tëlee anzestellen. D'Faarf mat deene faarwege Felder, der Rei no esou de grousse Krees an d'Gitter fir déi geometresch Astellung, déi gro Strécher fir d'Hellegkeet an de Kontrast, fir dass d'Fënster an d'Welt wéi fréier gesot gouf och kloer ass. Mat Sendeschluss wéi gesot ass awer scho laang Schluss.