Et war eng Revolutioun, deemools wou deen Apparat eraus koum. An awer sollt se iergendwann och iwwerlieft sinn, déi Maschinnchen déi de Luca eis beschreift.

04/08/2021 Vergiesse Saache vu fréier - Walkman (Internet)

Déi kleng Këscht wou een an déi aner Këscht kann dra maachen, dat ass eng K7 déi an de Walkman gestach gëtt. Walkman, op deen Numm Haut wuel nach politesch korrekt wier? Et war am Juli 1979 wou d'Musek geléiert huet lafen. Déi éischt Walkmanen hunn ëmgerechent ëm déi 250 € kascht. Kee bëllege Spaass, dee K7teRekorder fir ënnerwee, quasi e Statussymbol bei deem Präis. De Walkman deen aus engem schwéieren Diktéierapparat ofgespeckt an ëmgebaut gouf. Do konnt ee schéi roueg fir sech seng Musek, seng eegen opgeholle Musek oder eng kaafte K7 iwwer Kopfhörer lauschteren. Sou laang op d'mannst bis d'Batterien näischt méi waren an dat Ganzt ugefangen huet ze leieren. Dee Walkman deen dacks ze grouss fir an d'Täsch war, um Rimm ugehaangen blöd ausgesinn huet. Wou deen dënne metalle Bigel vum Kopfhörer net dee stabilsten war, a wou de Schaumgummi deen op den Ouere souz iergendwann ugefaangen huet ze bréckelen. Awer en hat och vill Virdeeler, de Walkman genee an deem Film, an La Boum huet'en och eng Roll gespillt an d'Vic an de Matthieu erëm frou matenee gemaach. De Walkman war cool, virun allem deen, deen d'K7 selwer gedréit huet ouni se erauszehuelen, jo dee Luxus gouf et och. Milliounefach gouf dee Walkman vun de Japaner vu Sony produzéiert. No de laangen Zäiten wou eng Stereoanlag net grouss genuch konnt sinn, e Ghettoblaster net haart genuch, huet dee klengen Männchen fir ënnerwee de Maart eruewert an de Wee fräi gemaach fir Discman, Mini-Disc, MP3 an Haut lafe mer mam Telefon duerch d'Géigend, net méi mat deem opfällege Casque, quasi och net méi mat engem Kabel am Ouer, mee carrément ouni Uschloss a mat engem ganz anere Sound.