Iwwert wat schwätzt Welt? Mir reesen an der Summervakanz eng Kéier ronderëm de Globus a kucken eis un wat d´Woch iwwer an anere Länner lass war. D´lescht Woch ware mir zu Costa Rica, an dës Woch?

23/07/2021 Iwwer wat schwätzt Welt... an Albanien?

Haut flitt eise Feil... an Albanien!

Albanie läit nieft dem Kosovo an Montenegro op der Héicht vum Italieneschen Tallek. Zanter 2014 sinn si Kandidat fir an d'Europäesch Unioun eran ze kommen, d'lescht Joer hunn déi éischt Gespréicher ugefaangen. Et ass d'Doheem vun 2,9 Millioune Leit. Duebel esou vill Albaner liewen awer an anere Länner. Déi albanesch Migratioun vun de 1990er Jore bis 2010 gelt als weltwäit eenzegaarteg, wéinst senger Intensitéit. Eleng bis 2010 wär nämlech d´Hallschent vun der Bevëlkerung ausgewandert. Bis d'Land 1990 eng Demokratie ginn ass, war et eng Diktatur an deem Auswandere 50 Joer laang verbuede war. Eng jorelaang Isolatioun, zum Leed vun de Mënschen, déi do gelieft hunn, zu der Freed vun der Natur, déi esou onberéiert ass wéi et net méi op ville Plazen de Fall ass. Dofir gëllt Albanien och als dat blot Häerz vun Europa, wéinst senge ville Gewässer. De Séi Ohrid zum Beispill ass e Weltkulturierwen an den eelste Séi aus Europa. Awer och d'Flëss sinn ee wichtege Bestanddeel vun der Natur dohannen.

RTL

© pixabay.com

Den Ohrid gehéiert zu engem Deel zu Nordmazedonien an zu Albanien.

A genee ëm déi Flëss ass et dës Woch och gaangen.

De Bau vu 400 Waasserkraaftwierker steet nämlech aktuell zur Debatt. Dat fënnt net jidderee gutt. Vill Mënsche liewen ëm a mam Floss, e Waasserkraaftwierk géif den natierleche Verlaf vun de Gewässer beaflossen, kritiséiert d'Organisatioun RiverWatch. 

RTL

© pixabay.com

Am Walkampf am Abrëll gouf nach versprach déi albanesch Gewässer ze schützen. Et gouf souguer vum éischte Floss National Park an Europa geschwat. Dës Woch huet d'Gericht elo mol de Bau vun engem Kraaftwierk beim Floss Valbona gestoppt. 

225 Kilometer an der Stonn, esou séier waren direkt zwee Autoen op enger schlecht befuerbarer Strooss ënnerwee. An do goufen si geblëtzt. Wéinst rezent villen déidlechen Accidenter sinn d´Policekontrollen nämlech an d´Luucht gaangen, an deene leschte 6 Méint hunn 105 Mënschen hiert Liewe verluer. 40 Prozent méi wéi d´Joer virdrun. Déi zwee presséiert Schwäizer hunn e Protokoll vun iwwer 1000 Euro op de Kapp kritt.

Eng Arnaque iwwer E-Mail huet déi lescht zwee Joer vill Albaner Sue kascht. Am Ganze si 4 Milliounen Euro dorop verdéngt ginn. Elo ass eng Equippe vu 4 Leit gefaast ginn, dorënner 2 Albaner an 2 Leit aus dem Kamerun. 8 Leit géifen awer nach ëmmer gesicht ginn. Déi ganz Aktioun huet 2 Joer laang gedauert an och Leit a Länner wéi d'USA, Däitschland an d'Philippinne ware betraff. 

De Bestand vum Krauselkapp Pelikan huet sech nees erholl wärend der Pandemie. Deen ass virun 20 Joer bal ausgestuerwen. Si bréien just op enger Plaz an Albanien, déi gäre vun Touriste besicht gëtt. Wëll elo manner Leit do waren iwwert dat lescht Joer, konnten d'Vullen méi ongestéiert bréien. Et géif een sech awer och nees op Besuch vu Touriste freeën, déi spullen nämlech Suen an d'Kees an déi si laangfristeg och wichteg fir an de Schutz vun de Pelikanen ze investéieren.

Ee vun deene wichtegste Wirtschaftssecteure sinn nieft der Landwirtschaft an der Textilindustrie och den Tourismus. 


RTL

© pixabay.com


Gjirokaster- eng kleng Stad am Süden vun Albanien. All Joers besichen normalerweis eng 4,5 Milliounen Touristen d'Land.