Am éischten Deel vun dësem Sujet hu mer driwwer geschwat wat Ekotourismus genau bedeit a wéien säi Foussofdrock och an der Vakanz verklengere kann. An enger Suite kucke mer méi spezifesch op de Lëtzebuerger Tourismus a wéi hei am Land ekologeschen Tourismus ausgesäit. Julie Mathes

19/07/2021 Ekotourismus Part 2 (ONLINE)

Den Eko Label ass hei zu Lëtzebuerg viru ronn 20 Joer agefouert ginn fir nohaltegen Tourismus ze ënnerstëtzen. Et ass eng Initiativ vum Tourismusministère zu Lëtzebuerg an dem Ökozenter Pafendall. Dësen Eko Label gëtt un Hotellen, Campingen oder Jugendherbergen verginn, déi Efforte maachen fir hir Servicer nohalteg ze gestalten. Dëse Label ass a 5 Kategorien agedeelt: Ëmweltgestioun, Energie, Offall, Akaf, a Waasser. Fir dësen Eko Label ze kréien mussen natierlech verschidde Kritären erfëllt ginn. Isabelle Schummers, Ëmweltberoderin beim Ökozenter Pafendall.

Ee Betrib muss säi Personal a seng Clienten gutt informéieren iwwert alles wat Nohaltegkeet ugeet. Si musse grénge Stroum benotzen, Energiespuerluuchten. Si musse Mesuren huele fir den Offall ze vermeiden. Wann een da Restauranten huet oder Kaffi ubitt, muss een och kucken dass ee groussen Deel vu saisonalen a lokale Produiten a Bioproduiten ugebuede ginn. Da gëtt awer och gekuckt dass recycléierte Pabeier geholl gëtt an aner ëmweltfrëndlech Produiten.

Wann ee Betrib interesséiert ass dësen Eko Label ze kréien, da schafft ee Conseiller vum Ökozenter Pafendall mam Betrib zesummen a kuckt wéi dësen déi verschidde Kritären erfëlle kann. Hei ginn dann och reegelméisseg Kontrolle vun engem Auditeur gemaach.

Den Audit gëtt all dräi Joer gemaach an do kennt een Auditeur Independant externe op d'Plaz an dee kontrolléiert eigentlech all Critèren ob déi erfëllt sinn oder net.

Zu Lëtzebuerg hunn am Moment 42 Betriber den Eko Label Lëtzebuerg, dorënner Campingen, Hoteller a Gruppenhebergementer. Ma d’Nofro wiisst awer.  

Et kann ee scho soen, dass een all Joers nei Betriber dobäi kritt. Entweder just fir d'Berodung oder déi den Audit och duerno matmaachen. Et sinn awer och ëmmer Betriber déi ewechfalen, meeschtens well se zoumaachen oder well de Gerant gewiesselt huet. Et muss een awer soen dass et awer een Trend ass am Moment fir nohalteg ze sinn an dass eben sou ekologesch Labelen wierklech ee Pluspunkt fir d'Betriber sinn. Doduerch mierkt een dass den Interessi och wierklech do ass.

D’Isabelle Schummers betount och dass dësen Eko Label ëmmer nees ugepasst gëtt an esou déi aktuell Innovatiounen aus dem Ëmweltberäich berécksiichtegt ginn. Dëst soll och Betriber motivéieren  hir Servicer nach méi nohalteg ze gestalten fir herno am Audit besser ofzeschneiden a sech de Gold Label ze verdéngen. An enger weiderer Suite kucke mer op zwee Betriber déi sech hei als Musterschüler beholl hunn a viru kuerzem mam Gold Label belount gi sinn.