Op engem 15. Juli 1997 gouf de Moudendesigner Gianni Versace viru senger Villa zu Miami erschoss. Haut op sengem Doudesdag erënnere mir eis zeréck un e Mann, deen an der Welt vun der Moud e grousst Lach hannerlooss huet. Julie Mathes.

15/07/2021 Mord um Gianni Versace (ONLINE)

Den Gianni Versace koum 1946 a Kalabrien, Italien, op d'Welt. Schonn als jonke Bouf huet hie sech fir Stoffer a Kleeder begeeschtert an huet bei senger Mamm am Schneideratelier gewurschtelt.
Nodeems de jonken Italiener säin Architekturstudium ofgebrach hat, ass en 1972 op Mailand gaange fir hei senger Passioun nozegoen an als fräie Moudendesigner ze schaffen. Erfarung huet den Gianni Versace bei verschiddenen italienesche Betriber gesammelt bis en dunn 1978 säin eegene Moudelabel Versace gegrënnt huet an direkt eng Dammen-an Härekollektioun op de Marché bruecht huet.

An den 1980er Jore geléngt dem Gianni Versace säi groussen Duerchbroch als international unerkannte Moudendesigner. Seng éischt Wierker, déi mat engem Kapp vun der Medusa gekennzeechent waren, goufe weltwäit op Theater- an Opervirstellunge presentéiert a goufe souguer am 'Victoria and Albert Musée' zu London ausgestallt. Den italieneschen Designer huet hei eng Moud geschaaft, déi Pomp, Glamour a Sex duergestallt huet. Mat senge Wierker wollt den Gianni Versace d'Denkmuster ënnerbriechen, dass e Meedchen am Minirack weder vulgär, nach e verlafent Meedchen ass.

Seng zweet Linn 'Versus,' déi de Moudendesigner zesumme mat senger Schwëster Donatella op d'Bee gestallt huet, gëtt zanter 1995 op der New Yorker Fashionweek presentéiert.
Dem Gianni Versace säi Stil war virun allem dorun erëmzëerkennen dass en dacks Elementer aus der Konschtgeschicht mat üppege Musteren agebaut huet. Hie war ënner anerem bekannt. dass en ongewéinlech Materialer zesummegesat huet, wéi zum Beispill Brokat a Spëtzt mat Denim oder donkelt Nappalieder mat mëllem Samett.

1996 gouf beim Gianni Versace Kriibs diagnostizéiert, ma en huet awer net mat Schaffen opgehalen. De 15. Juli 1997 koum et dunn zum Drama, wéi hie vun engem Callboy zu Miami erschoss gouf. D'Motiv vum Täter ass bis haut onkloer, ma den Andrew Cunanan war deemools ee vun de meeschtgesichte Kriminelle vum FBI an huet sech eng Woch duerno selwer erschoss.