Gëschter hate mer driwwer geschwat fir wat den Eko-Label steet a wéi ee sech dësen als Betrib verdénge kann. An enger drëtter Suite vum Sujet "Ekotourismus" kucke mer op zwee Betriber, déi zu Lëtzebuerg Efforte gemaach hu fir méi nohalteg ze ginn an esou mam Eko Label Gold belount gi sinn. Julie Mathes.

20/07/2021 Ekotourismus PART 3 (ONLINE)

Den Eko-Label deen aus der Zesummenaarbecht vum Ëmweltministère an dem Oekozenter Pafendall entstanen ass, soll den nohaltegen Tourismus zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen. De Parkhotel zu Munneref an de Camping Léifreg am Naturpark Uewersauer sinn zwee Betriber, déi duerch hir Efforten an der Nohaltegkeet souguer mam Eko-Label Gold belount gi sinn. Wat war hei d'Haaptmotivatioun fir dëse Label ze kréien? Anna Hollenbach, Mataarbechterin am Beräich Marketing, Gruppen, Event an Nohaltegkeet beim Camping Léifreg.

Dat war op der enger Säit perséinlechen Interessi vu mir a vum Besëtzer vum Camping um Thema Nohaltegkeet. Da läit de Camping jo och am Naturpark Uewersauer, net wäit vum Stauséi an et war eis einfach wichteg, dass déi Gäscht déi heihinner kommen net nëmme Vakanz an der Natur maachen mee och Aklang mat der Natur an do huet sech den Eko-Label eben ugebueden.

Och am Parc Hotel zu Munneref war d'Motivatioun virun allem aus der Iwwerzeegung eraus, dass et haut net méi ouni Nohaltegkeet geet. Pierre Plumer, Generaldirekter vum Domaine Thermal zu Munneref.

Mir waren als Centre de thermal et de Santé schonn ëmmer e bëssen aktiv an allem wat Gesondheet an och Ëmwelt ass. Zanter Joren investéiere mir schonns a Bio a lokaalt Iessen, mir recycelen vill, hate schonns de Superdreckskëscht-Label an hu vill aner Aktivitéiten an deem Beräich gemaach sou dass dat fir eis nëmmen ee logeschen nächste Schrëtt war fir den Eko-Label komplett ofzedecken.
 
Dës Ännerunge fir méi nohalteg ze ginn a sech den Eko Label ze verdéngen, kennen awer net vun haut op muer ëmgesat ginn an dacks huet ee fir d'éischt mol e puer vun de Critèren erfëllt a gëtt esou mam Bronze oder Selwer Label belount. Ma dës zwee Betriber waren awer Musterschüler an hunn et direkt gepackt sech de Gold Label ze verdéngen. Dëst huet eng Rei vu klenge Changementer virausgesat, Anna Hollenbach.

 Zum Beispill hu mir hei eng Zesummenaarbecht mat Rentalbykes zu Wolz ugefaangen, déi eis elo ëmmer E-Bykes a Mountainbykes brénge fir dass d'Leit um Camping net onbedéngt op den Auto ugewise sinn fir sech fortzebeweegen.Dann hu mir bei der Snackbar d'Eko-box agefouert, fir dass d'Leit sech Iessen aus der Eko-box mat bei de Camper oder bei d'Zelt huele kennen. Mir hunn awer och méi kleng Changementer agefouert wéi zum Beispill den Duerchfloss vum Waasser an den Duschen an an de Lavaboen erofgedréint hunn, fir dass hei manner Waasser duerchleeft. Da gouf et awer och ee Projet vum Naturpark Uewersauer wou een heemesch Hecken uplanze kann, a dat hu mir och d'leschten Hierscht gemaach. 

RTL

© Camping Léifreg

Nieft dem gréisste Changement fir an den Hotelszëmmeren ee Recyclingssystem anzeféieren, huet och de Parc Hotel weider kleng Verännerungen duerchgefouert fir sech den Eko-Label ze verdéngen, Pierre Plumer.

Beim Akaf hu mir ee ganze Koup vu Saache geännert. Sou ass zum Beispill alles mat Plastik eliminéiert ginn. Mir hunn och ee Projet gemaach mam Offall vun den Zigarettestommelen, wou mir déi asammelen. Mir hunn och ganz vill an den Zëmmeren investéiert. Zum Beispill hu mer keng individuell Seefen a Shampoing méi, wat och bësschen Aarbecht war fir d'Clienten hei ze iwwerzeegen dass et hei net em d'Spuere geet mee em de Plastik deen net soll ewechgeheit ginn. An insgesamt hunn och all eis Botzproduiten den Eko-Label.

Och fir Zukunft hu béid Betriber weider nohalteg Projeten en vue. Um Camping kann ee sech iwwert ee gréissere Changement freeën, Anna Hollenbach

Den Haaptprojet ass een neit Sanitärgebai, dat 2023 fäerdeg gi soll. Dat gëtt ee Gebai aus Holz dat komplett nohalteg ass. Aner méi kleng Projeten sinn zum Beispill ee klenge Kraidergaart, a säit dëser Woch hu mir elo eng kleng Epicerie an engem ale Foodtruck, wou mir elo déi Basis Produiten ubidde wëllen fir dass d'Leit net extra op Pommerlach fuere musse fir Klengegkeeten anzekafen. 

Zu Munneref soll an der Zukunft Nohaltegkeet net nëmme fir den Hotel gëllen mee fir d'ganzt Thermalbad, Pierre Plumer.
Do musse mir nach e bësschen dru schaffen. Dat gëtt fir eis ee klengen Challenge, vue dass de Wellnessberäich elo net onbedéngt bekannt ass fir energie- oder waasserspuerend ze sinn. Mir setzen awer drop a schaffen drun ,dass do an Zukunft alles méi nohalteg gëtt an och erneierbar Energiequellen zum Asaz kommen.

RTL

© Mondorf Domaine Thermal

D'Anna Hollenbach an de Pierre Plumer erklären allen zwee dass et net ëmmer einfach ass all dës Changementer am eegene Betrib ëmzesetzen, ma si betounen awer dass et sech op alle Fall lount. D'Spuere vum Waasser a Stroum ass nämlech net eleng fir d'Ëmwelt profitabel mee och fir de Portmonni vum jeeweilege Betrib. Donieft gëtt et engem selwer an de Clienten ee bessert Gefill wann ee weess dass een och an der Vakanz der Ëmwelt net schuet mee am Géigendeel een Deel vun der Léisung fir d'Zukunft ass. 

Site vum Eko-Label:


Site vum Camping Léifreg:

Site vum Parc Hotel zu Munneref: