Déi franséisch-belsch Koproduktioun Titane vun der Realisatrice Julia Ducournau gouf zu Cannes ausgezeechent a krut d'Gëlle Palm. Grond genuch fir den Tom Dockal, am Kader vun der Rubrik Véiereckeg Aen hiren Debutfilm Grave iwwer sooner.lu nach emol ze kucken.

22/07/2021 Veiereckeg_Aen: Grave

Grave a seng Realisatrice Julia Ducournau woren 2016 richteg Révélatiounen. Net just zu Cannes, wou de Film an der Parallelselektioun Semaine de la Critique ageschloen ass, mee huet och beim Luxembourg City Film Festival fir Bordell am allerbeschte Sënn vum Wuert gesuergt. Grave ass e Film, deen een esoubal net aus dem System kritt.

An dobäi ass et um Pobeier eng Coming-of-Age Geschicht, ewéi et där net ze mann gëtt. Dat jonkt a scheit Justine geet endlech op d'Uni. Schléit de Familjewee an a geet op d'Vétérinairesschoul. Déi grouss Schwëster ass schonns do. Mee eemol do ukomm, gëtt d'Justine mat eppes konfrontéiert, wat virun allem déi kennen, déi op enger belscher Uni studéiert hunn - de Bizutage, d'Initiatiounsritualer, bei deenen déi nei Studenten op dat allermannst degradéiert ginn. Net matmaachen ass keng Optioun. Wuel oder iwwel léisst sech d'Justine drop an, mee ewéi hatt enges Dags e Steck réit Kanéngerchersliewer soll iessen, zitt hatt d'Handbrems. D'ganz Famill ass nämlech iwwerzeegt vegetaresch. Mee seng Schwëster zwéngt hatt, z'iessen. D'allergesch Reaktioun um Kierper, déi d'Justine dono mécht, ass just den Ufank.

RTL

© Wild Bunch

Virop sief gesot: Grave war a menger Top10 vu menge Filmfavoritte vun de leschten 10 Joer. An och beim Revisitéieren verléiert de Film kee Fonken vu senger ambiguer Kraaft an vun deem, wat de Film erziele wëll. D'Julia Ducournau vermëscht Genrecoden vum body horror, ewéi den David Cronenberg se viru Joerzéngte salonsfäeg gemaach huet, mat engem konsequent feminine Bléck dorobber, wat et heescht, d'Transitioun zum Erwuessenen ze duerchliewen. Net just gesellschaftlech, mee virop perséinlech. Mam Stéck Fleesch, dat d'Haaptprotagonistin onfräiwëlleg ësst, erwächt vun engem Moment op deen aneren eppes an hir, wat hatt esou net huet komme gesinn. D'Fleeschloscht gëtt dofir vun der Realisatrice direkt op e puer Niveauen deklinéiert. An dat déi déi Decouverte vum eegene Kierper a Sexualitéit mat kannibalisteschen Tendenzen ka kommen - dofir ass de Kino do, fir genee dat auszeliewen. A bei aller potenzieller Sauerei, déi zu kengem Punkt gratis ass, bleift Grave u senger vun der Garance Marillier gespillter Protagonistin, déi sech näischt méi wënscht ewéi normal ze sinn. Just fir erauszefannen, dat d'Anescht-Sinn och an der Rei ass. An och keng Fro vu Choix. Vläicht esouguer verierflech. Een Ament laacht ee sech freckt, just fir dat sech direkt dono engem d'Zéiwenneel vu Péng dréien, a meeschtens geschitt béides gläichzäiteg. An iergendwann bleiwt engem just de Mond opstoen. Bäisst iech just dobäi net op d'Zong. Net dat der dann nach eventuell op de Goût soll kommen.