Dass Kazen verspillt sinn, dat weess sécher jiddereen deen emol sou e klengt Déierchen hat oder huet, an dat och gären säin eegne Kapp weist. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut d'Geschicht vun enger 5 Joer aler Tigerkaz matbruecht, déi sech an der Kippfënster vun der Wäschkichen ageklemmt hat. Wéinst hirem Kierpergewiicht vun 8kg, war déi do guer net sou liicht méi erauszekréien. Freet sech natierlech wat se do iwwerhaapt ze sichen hat?

15/07/2021 Déierentipp: Geféierlech Kippfënster

Jo, mais d´Lorchen schléift schrecklech gär an de Wäschkierf. A well eent vun de Kanner d´Dier vun der Buanderie opgelooss, konnt d´Ongléck säi Laf huelen. Och wéinst hirem Iwwergewiicht vu bal 100 Prozent, war d´Kaz nawell ferm derangéiert. Vu bausse gutt ze gesinn, hat et e puer ganz schro Blessen hannert dem Broschtkuerf. A mam Ultraschall goufen och grouss Hämatomer ënnert hirem Réckstrang fonnt.

15-07-2021 Déierentipp - Romi Roth - geféierlech Kippfënster

Sou eng Kippfënster ass also keng Spillsaach fir eeler Kazen, zemol wa se och schonn net méi sou gutt ze Fouss sinn, an dat kann gréisser Gesondheetsproblemer no sech zéien.

Mais obwuel si un den hënneschte Patten schonn schlecht Reflexer hat an de ganzen ënneschte Kierper sech och e bësse méi kill ugefillt huet, war um Réckemuerch selwer an och un de Nieren keen definitive Schued. No e puer Deeg Hospitalisatioun wärend deenen si géint de Schock an dono mat Baxteren a Massage behandelt gouf, konnt déi déck Madamm mat de sametten Patten erëm ganz fit an och hannen nees mobil  Heem gelooss ginn.

15-07-2021 Déierentipp - Romi Roth - Accident vun enger Kaz