Eng Kaz huet net nëmmen hiren eegene Kapp, se huet och 7 Liewen gëtt bei eis ëmmer behaapt. Lauschtert een drop wat se am engleschsproochegen Raum soen, dann sinn et der souguer 9 där Liewen déi se ze gutt hätt. Mä et muss een der Kaz hir Gesondheet egal wéi net op d'Spill sëtzen, an dobäi wiere mer schonn um nächsten Déierchen an der Praxis vun der Dr Romi Roth.

D´Lady, eng schéin, e bëssen schwéier eeler laanghoreg Kaz, frësst an der Lescht méi schlecht a wann da mat komescher Uluecht. Si ass och méi onroueg wéi hier Meeschteschen et vun hier gewinnt sinn a rappt sech masseg d´Hoer aus. Mä un deene Fliichte selwer an och un der Kaz hirer Haut, déi net einfach ze ënnersiche war well d´Lady vun elauter Stress scho richteg granzeg gi war, war näischt ze fannen..

20-07-2021 Déierentipp - Romi Roth - Déck Zong bei der Kaz

Dat Hoer-Ausrappen huet jo awer forcement mat der Haut ze dinn kënnt de Laien elo mengen.
Bei der weiderer Ënnersichung gouf et séier kloer: eis Kazepatientin hat eng knallrout, déck geschwollen Zong mat klenge Blosen drop.

Wat hir Leit eis dunn och nach erzielt hunn, huet kloer gemaach firwat d´Déier déi schro Entzündung hat. Beim Noper war eng Kolonie Eichenprozessionsspinner vun engem Bam geholl ginn. An e puer Fliichten vun deenen horege Raupen, déi nach immens vill méi brennen wéi Brennnesselsblieder waren mam Wand um Lady säi Pelz komm, vu wou hat sech se ofgeleckt hat. Eng héich doséiert Behandlung mat Medikamenter géint d´Entzündung, de Wéi an Antibioticken iwwert zwou Wochen huet dunn awer gehollef. D´Lady war erëm „Zen“ an huet gejickt ewéi virdrun, gëtt awer fir déi nächst Zäit nach am Haus gehale, well nach där Raupennäschter an der Noperschaft gemellt gi waren.

20-07-2021 Déierentipp - Romi Roth - Déck Zong bei der Kaz - Ursaachen