Angscht ass e permanente Begleeder. Si klamert sech an eisem Kapp fest, a wëllt einfach net fort. Si beliwwert eis andauernd mat diverse schlëmmen Zenarien, déi antriede kéinten. Dat léifstent Folter-Instrument ass d'Fro: -Wat ass wann...? Wat ass wann ech mäin Job verléieren? Wat ass wann ech krank sinn an ech weess et net...? D'Michèle Schons mat e puer erniichtere Gedanken iwwert de Problem vun eiser Gesellschaft:

22072021 Gedankekarussell - Firwat gi mer de Suergen net meeschter

3 Prozent vun deene 60.000 Gedanken, déi mer eis all Dag maache, si positiv! Mëttlerweil huet och d'WHO confirméiert, dass d'Unzuel un den Angschtstéierungen, d'Depressiounen iwwerholl huet. Erschreckend, wann een dat esou liest. De gréissten Deel vun eiser Zäit verbrénge mer also mam permanente Kaméidi an eisem Kapp. Angscht ass also keen individuelle Problem méi, ma eng Symptomatik vun der ganzer Gesellschaft. Wéi kënnt et dozou? De Psychotherapeut Gilles Michaux, aus den Hopitaux Robert Schumann erkläert:

Evolutionär gesinn, ass et e Virdeel dass mer heiansdo Angscht hunn, fir eis ze beschützen, wa mer zum Beispill virun engem wëllen Déier musse fortlafen. Hautzedaags ass et awer esou dass déi ugebueren Aart vun eisem Gehier awer Problematesch gëtt, wa mer ufänken den Däiwel un d'Mauer ze molen ouni dass eng reell Gefor besteet.

Hautzedaags fält et schwéier, fir mat Onsécherheeten ze liewen. An enger moderner zukunftsorientéierter Welt voll Iwwerfloss a Choixen muss ee kënne kalkuléieren, Risiken aschätzen, Situatioune berechnen, fir dem Wansinn Stand ze halen. 

Wou et nach keng Fligere goufen, gouf et och keng Fluchangscht, fir et mol ganz platt ze soen, an och d'Pandemie, d'Terrorangscht an de Klimawandel déi dominéieren, si mat Onsécherheeten an Ängschte verbonnen. Da kann et sinn dass een an enger permanenter Erwaardungshaltung lieft an direkt gestresst ass, ouni dass iwwerhaapt eppes passéiert ass.

RTL

© pixabay

Besonnesch erniichternd ass et, dass mer och net capabel sinn, fir negativ Gedanken ze verdrängen. Dacks féiert de Versuch esouguer dozou dass de Gedanken sech nach verstäerkt, wat psychologesch dacks nogewise gouf, unhand vum Beispill mam bloen Elefant.

Eigentlech kann eist Gehier nëmme positiv denken an sech eng Negatioun net virstellen. Wann ech mer arieden: Ech hunn elo keng Angscht, dann denkt mäi Gehier direkt, dass ech grad Angscht hunn.

Klengt alles ganz schéi bedréckend... Et schéngt esou wéi wa mer also an deem Gedankekarussell gefaange sinn. Gëtt et dann do eng Méiglechkeet auszebriechen?

Et ass wichteg sech t'alleréischt mol bewosst ze sinn, dass ee Gedanken net onbedéngt dat selwecht wei d'Realitéit ass, ma eng vun eis interpretéiert Zukunft oder eng interpretéiert Vergaangenheet. An eleng dat Bewosstsinn kann dozou verhëllefen, dass mer net mat de Gedanke verschmëlzen a méi eng realistesch Approche zu der Zukunft oder Vergaangenheet kréien.

RTL

© pixabay

Zu dem Moment wou negativ Gedanken opkommen, kann een sech och déi véier Froe stellen;

-Ass dat wouer?

-Kann ech mat absolutter Sécherheet wëssen dass dat wouer ass?

-Wéi reagéieren ech, wann ech deem Gedanke gleewen?

-Wat wär ech ouni dee Gedanken?

A vläicht hëlleft och ganz einfach mol dee Gedanken, dass een net eleng ass mat den ënnerleche Konflikter, an dass et ville Leit am eegenen Ëmfeld t'selwecht geet.

Wat een do maache kann ass natierlech driwwer schwätzen. Op mam Therapeut, mat de Frënn, oder der Famill. Well iergendwéi sëtze mer jo all am selwechte Boot, mat all eise Gedanken.