De Richard Branson huet et virgemaach an de Jeff Bezos flitt Haut Touristen an de Weltall. Géing dat Iech eppes soen? Wiert Dir do gär mat derbäi? Mir hu mat eisem RTL Mikro nogefrot.

20/07/2021 Ëmfro: Géift Dir an de Weltall fléien?

Haut fléien erëm Touristen an de Weltall. De Jeff Bezos, säi Brudder, en 18 Joer alen Hollänner an eng 82 Joer al Amerikanerin. Virun 9 Deeg hat de Milliardär Richard Branson déi Rees scho gemaach. Also wa bannent 9 Deeg zwee mol eng Rakéit an den All flitt a wann ee weess, dass an Zukunft eleng vum Richard Branson honnerten esou Flich pro Joer geplangt sinn, da kann ee soen, de Weltraum-Tourismus ass am gaangen ze starten. Wann een engem dat viru Joren gesot hätt, et hätt een et net gegleeft.
De räichste Mann vun der Welt, den Amazon-Grënner Jeff Bezos ass also net deen éischten dee mat senger eegener Rakéit an de Weltall flitt, dofir hëlt hien awer dee Jéngsten an deen eelste Passagéier mat. Den 18 Joer alen Hollänner Oliver Daemen an als Éieregaascht déi 82 Joer al amerikanesch Pilotin Wally Funk, an als véierten säi Brudder de Mark. E weidere Rekord wäert de Bezos och briechen. De räichste Mann vun der Welt wäert mat senger Blue Origin eng 15 Kilometer méi héich fléien wéi de Branson mat senger Virgin Galactic. Domat wäert d'Bezos-Passagéierkapsel bis un déi 100 Kilometer héich Kármán-Linn kommen, déi der internationaler Definitioun no d'Grenz zum Weltall markéiert.
Gestart gëtt um 15:00 eiser Zäit de Mëtten aus der texanescher Wüüst. De ganzen Ausfluch an de Weltall dauert nëmmen 11 Minutten wou d'Weltraumtouristen fir e puer Minittercher an der Schwéierlosegkeet schwiewen an e Bléck op déi ronn Äerd genéissen. Fir bei där éischter bemannter Rees vu Blue Origin, dem Bezos senger Rees dobäi ze sinn, hat eng anonym Persoun bei enger Online-Auktioun ganzer 28 Milliounen Dollar bezuelt. Bei deem Geld ass et schonn eng Iwwerraschung, dass déi Persoun awer net mat flitt. Et géing net a säin Termäin-Kalenner passen. Wann ee sech de Luxus ka leeschten.
An deem Luxus-Business mat dran ass nieft Richard Branson an Jeff Bezos och den Tesla-Grënner Elon Musk. E weidere Milliardär dee mat senger SpaceX-Entreprise scho Flich fir d'Nasa gemaach huet. Hie wëll an Zukunft seng Weltraum-Touristen nach méi wäit an nach méi laang an den All bréngen. Am September soll eng SpaceX-Rakéit véier Passagéier fir e puer Deeg an d'Ëmlafbunn vun der Äerd gréngen.
De Maart floréiert op allefall an en huet Potential, doru besteet keen Zweiwel. Virgin Galactic vum Richard Branson huet schonn 600 Ticketen fir zukünfteg Flich verkaaft. Ticketen wou de Präis bei tëscht 200.000 an 250.000 Dollar läit.
Mat där neier Moud fir an den All ze reesen kommen awer och ëmmer méi Froen iwwer d'Auswierkungen op d'Ëmwelt op, well riseg Quantitéiten Sprit verbrannt ginn fir déi Schéin an déi Räich op hier aussergewéinlech Rees ze schécken. Nach sinn déi Vollen net deeglech, awer wann ee kuckt wat alles geplangt ass, dann steet d'Welt ganz sécher ganz geschwënn virun engem nächste ganz grousse Problem.