Haut virun 10 Joer ware e schwaarzen Dag fir Norwegen. No enger Bomm zu Oslo, goufen op der norwegescher Insel Utoya 500 Jugendlecher Zeie vun engem Massaker, woubäi 69 vun hinnen hiert Liewe verluer hunn. D'Julie Mathes kuckt zeréck op dës Terrorattack.

22/07/2021 Réckbléck op de Massaker zu Utoya virun 10 Joer (ONLINE)

500 Jonker haten 2011 um Summercamp vun der sozialdemokratescher Jugendorganisatioun AUF deelgeholl, wéi op eemol e Mann a Policeuniform hei opdaucht ass an ugefaangen hat op d'Kanner a Jugendlecher ze schéissen. Temoignagen erzielen haut wéi jiddereen probéiert huet ëm säi Liewe ze lafen, sech verstoppt huet oder an d'Mier gesprongen ass fir dësem brutale Mënschejeeër iergendwéi ze entkommen. Fir déi Iwwerliewend en Trauma, iwwert dee se warscheinlech ni wäerten ewechkommen.

Den Täter, Anders Speric Breivik, dee sech haut Fjotolf Hansen nennt, ass e rietsextremen Norweger, deen d'Sozialdemokrate wéinst hirer immigratiounsfrëndlecher Politik mat dësem Uschlag ugegraff huet. Ënnert sengen am ganzen 77 Affer waren Jugendlecher, déi grad emol 14 Joer al waren. D'Strof fir dës Dot waren 21 Joer Prisong, wat nom norwegesche Gesetz déi héchstméiglech Strof ass. 10 Joer duerno traut sech de Massemäerder dem Kamzy Gunaratnam, enger jonker Fra, déi deemools op Utoya iwwerlieft huet, e Bréif ze schreiwen an hei ze erklären dass e sech geännert hätt an op eng Erléisung no dësen 21 Joer hofft. Vis-a-vis dem Spigel, betount d'Kamzy Gunaratnam, déi zu Sri Lanka gebuer ass an am jonken Alter an Norwegen ausgewandert ass, wier dem Breivik seng Auslännerfeindlechkeet och an dësem Bréif ze spieren gewiescht.

Den Haass an de Rassismus markéieren dësen Dag a bleiwe bis haut e grousst Thema an Norwegen. Déi Iwwerliewend vun Utoya, déi sech politesch weiderhin engagéieren, kämpfe géint den Haass, géint de Rietsextremismus a wëlle sech weiderhi fir en soziaalt, fräit an oppent Land asetzen. Ma si ginn awer staark kritiséiert a mussen nieft dem Trauma vum 22. Juli mat Beleidegungen, Haass an Uschëllegungen kämpfen. Dëst weist, wéi present a skrupellos dëse Rietsextremismus nach ëmmer ass.