Iwwerdeems England all Reegele fir sech géint de Corona-Virus ze schützen vun dësem Méinden un, an de Wand schéisst, ginn et rezent elo nei Restriktiounen, och fir Touristen a Frankräich. Och op Mallorca ginn d'Corona-Reegele verschäerft, wann een do wëll Vakanz a Party maachen. Wéi reagéieren d'Leit dorobber zu Lëtzebuerg, déi wëlles hunn an d'Vakanz ze fueren? Mir hunn nogefrot.

An d'Vakanz oder awer net? - De Reportage vum Radio

An dat beim Fernand Heinisch, dem President vun der ULAV – der Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages.
Spiert een eng Angscht bei de Leit, déi verreese wollten?
Net onbedéngt méi Angscht, alt e bëssi Zréckhalung...ma et gëtt awer nach weider gebucht. Sou Meldunge sinn natierlech net gutt fir de Secteur. Ob dat dann elo esou ass oder stëmmt a wéi et dann dohannen ass, dat ass och nach ze hannerfroen. D'Lescht Joer ëm dës Zäit war et méi schlëmm. Ech mengen och, datt sech d'Leit schonn u verschidde Saache gewinnt hunn, ob dat elo getest ass, oder genesen oder sech mussen impfen oder eng Mask undoen, dat gëtt schonn eng Gewunnecht.

Virun allem am  Last minute Beräich géif nach vill gebucht ginn, mat Virléift an Europa.
Frankräich ass Nummer 1, Portugal, Spuenien, Griichenland all déi Klassiker.

Et wier vill Duercherneen an et wier fir jidderee schwéier den Iwwerbléck ze behalen, dofir
Ech mengen, et geet souwisou drop eraus, datt jidderee muss geimpft gi fir iergendwou hin. Dat kënnt bestëmmt eng Kéier. Sou war Malta dat éischt Land,  dat éischt EU-Land, datt dat jo agefouert huet an wee weess wéini déi nächst Länner kommen. Malta léisst jo kee méi eran, deen net geimpft ass.

Wann een sech dann awer net sécher ass wat maachen an et hätt een elo gebucht? Et kann een awer nach annuléieren.
Jojo, dat hänkt och vum Touroperateur of an och vum Hotel. Déi meescht sinn do ganz kulant, do geet et duer wann ee 24 oder 48 Stonne virdrun nach kann ofsoen, ouni Fraisen. Oder sief et eng Woch virdrun. Et ass jo och nach kee Land zou. Dat ass jo nach eng aner Geschicht, wann elo e Land zou...

Dann hoffe mir mol datt et net méi sou wäit komme muss.