D’Héichwaasser ass fort, de Schued bleift. Villes ass futti, och ganz vill Autoen déi am Sënn vum Wuert « of gesoff » sinn. Wat geschitt elo mat deenen Autoen, déi dëser Naturkatastroph zum Affer gefall sinn. A wéi gëtt een eventuell indemniséiert? De Christian Schmit huet mat mat enger betraffener Persoun, engem Garagist, an dem Versécherung’s Agent geschwat.

24/07/2021 Reportage Auto am Waasser (MAT USO)

Impressionant Zuelen déi mir vum ACL, dem Automobile Club op Nofro matgedeelt kruten.

Tëscht dem 15. an dem 20. Juli si bei hinnen eng 3000 Appeller erakomm. 853 Remorquagen, also do wou den Auto huet missten ofgeschleeft ginn. 450 mol wéinst dem Héichwaasser. An et wier nach keen Enn en vue, wëll nach vill Gefierer an engem Sous-sol dee voll gelaf ass.

Fir d’éischt muss den Auto jo mol eidel gepompelt ginn, éier un en Ofschleefen ze denken ass.

Heiansdo eng kriddeleg Affär, esou de Roland Müller, dee mat senger Depanneuse der och en etlech siche war?

Jo dat ass heiansdo ganz spannend fir se erauszehuelen, zemools wann se nach am Waasser stinn. Dacks ass d'Waasser fort, mee de Bulli nach ronderëm an da muss e kucke wou een upaakt fir den Auto ze deblockéieren. Elektresch Handbrems, Fehlermeldung asw, also et ass schonn Aarbecht fir se erauszekréien. Grad am Sous-sol.

RTL
RTL
RTL

Ganz delikat gëtt et bei Elektro Autoen?

Do war ech dës Kéier net betraff, ech war och frou doriwwer dass ech keen hat, wëll do weess e jo um Ufank net wat mir dierfen upaken a wat net. Dat ass wéi bei enger Schalt Tafel.Do soll e laang waarden, fir d'éischt emol d'Batterie lass klemmen, den Haapt Stroum Krees lass klemmen, an da waarde bis sämtlech elektresch Boîtieren sech ofgeschalt hunn. Da kann e mol probéiere fir en erauszehuelen.

Do gi mir flotten Zäiten entgéint? Mir gi ganz flotten Zäiten entgéint wat di doten Technik ugeet.

Déi meescht sinn egal wéi net méi ze gebrauchen. Wou landen déi Autoen elo?

Ganz seelen ass nach eppes ze maachen. Do ginn vun den Assurance Gesellschafte Offere verkaf. Et gi Schrott Händler déi huele si fir Stécker, anerer ameséiere sech fir si nees un d'Goen ze kréien. Si ginn an d'Ausland, mee et ass schwéier nozevollzéien wouhi genee.

RTL

RTL

 

Wat seet den Agent vun der Assurance. D'Kasko spillt hei net? Dozou de Romain Scheueren

Also d'Kasko selwer nee, wëll dat do ass eppes dat fält ënner catastrophe naturelle, Naturgeforen. Dat ass eng speziell Garantie, do muss e keng Voll Kasko hunn. An iwwer dee Wee kritt een de Schued vum Auto indemniséiert. Et ass haut kloer bei deene modernen Autoen, wann den Auto bis en 1/2 Meter am Waasser stoung, dann ass keng Diskussioun méi, d'main d'oeuvre fir esou Autoen erëm a Stand ze setzen déi ass esou extreem héich, dass et kee Wäert méi huet fir en ze flécken.  Dann ass et d'Missioun vum Expert, wat ass deen Auto nach wäert just dee Moment éier en am Waasser ënnergaangen ass, fir dass di Leit mat enger reeller Valeur kennen indemniséiert ginn. 

Zu Miersch wunnt d’Chantal Flammang, an och hiren Auto gouf Affer vum Héichwaasser an der Tiefgarage vun hirem Appartement? E Beispill vu villen, a keng Chance fir e nach eraus ze huelen.

Neen. An der Vergaangenheet hate mir dat eng Kéier. Do war ganz vill Schnéi gefall, an du hu mir eis an der Residenz iwwerluecht, wann dat do elo schmëlzt, da riskéiere mir Waasser an der Garage ze hunn. Do hu mir d'Autoen erausgeholl. Dës Kéier, owes mir si schlofe gaangen, et huet dauernd gereent, mee et huet awer kee mam Gedanke gespillt dass dat kéint esou ausgoen.

Haaptsaach et ass kengem eppes geschitt, an et blouf bei eis beim Materialschued. Mat all deenen Autoen déi elo futti sinn, dierft de Verkaf u Neiween an Occasiounen e Boom erliewen.

RTL