Wéi Mënsche sech fleegen a propper halen, hänkt vu der Zäit of an där si grad liewen an och vu Facteure wou se da liewen. Net fir näischt gëtt et zum Beispill den Dag vum Hännwäschen, dat mam But fir drop opmierksam ze maache wéi wichteg et ass, sech seng Hänn reegelméisseg ze wäschen. An dat net just a Coronazäiten, et gëtt jo och nach vill aneres wéi Viren a Bakterien. Zum Beispill Knascht.
Leider ass dat mam Hännwäschen awer net iwwerall méiglech, well et op ville Plazen op der Welt net genuch Waasser gëtt an dat do e grousse Probleem ass. Wat een alles nach zu sech wäsche ka soen, huet d'Marie Gales nogesicht.

27/07/2021 Kleng Geschicht vun der Kierperhygiène

Wéi séier et mat der Hygiène ka biergof goen, och wa genuch Waasser do ass, huet déi rezent Pandemie gewisen. Mam Lockdown koumen déi sanitär Reegelen, an do mengt ee jo, et géif een dann net méi fäerdeg gi mat sech wäschen! Ma genee de Contraire gouf observéiert, well am Lockdown hat de Schlabberlook dach Iwwerhand gewonnen. Resultat, an Däitschland zum Beispill wier manner Shampoing verkaaft ginn, seet d'Maartfuerschungsentreprise Nielsen; och de Verkaf vun Hoergel war agebrach. An et gouf manner geduscht, zu deem Resultat koum den englesche Maartfuerscher YouGov.

RTL

© pixabay.com

E bëssi duerch d'Geschicht gekuckt, e gemeinsamen Nenner gouf et seelen an der Hygiène, déi al Ägypter waren erstaunt iwwert d'Griichen, déi sech deemools a Waasser a Buedbidde gewäsch hunn. D'Réimer hunn déi Iddi mat de Bidden awer super fonnt an hunn se an hiren Thermen dunn iwwerholl an hu sech do alt Deeg laang breet gemaach, well et esou geselleg war. Haut nach eng beléifte Saach a Japan, Finnland oder der Tierkei.

 
Dat mat der Hygiène géif net op rationalen oder wëssenschaftlechen Erkenntnisser fondéieren, et war an ass nach ëmmer Usiichtssaach. Kucke mir déi reliéis Aflëss, d'Muslime wäschen sech virum Freidesgebiet Gesicht, Hänn a Féiss, d'Judden suivéiere fir de Sabbat eng Rei Reegelen fir propper ze sinn, d'Hindue bueden am Ganges, dee leider net immens propper ass a buddhistesch Mënche starte an den Dag andeem s se botzen.

Déi fréi Chrëschten hu méi op déi propper Séil gepocht, wéi op e proppere Kierper. Leider! Schwiereg gouf et du wa Krankheete koumen, wéi 1348 d'Pescht zum Beispill. Sech gewäsch huet keen, wat der déidlecher Krankheet nach méi an d'Kaarte gespillt huet. Abee et wousst een et net besser. Och net bei de Monarchen an där Zäit, an de Schlässer huet et wéi d'Pescht gestonk, ma déi englesch Kinnigin Elisabeth I. soll sech alt 1 mol de Mound gewäsch hunn, dëst am 16. Joerhonnert.

 
Nee et war net einfach an Europa ze liewen an eréischt wéi d'Kanalisatioun koum, koum een zu der Erkenntnis, datt Waasser och zum Propper maachen a Propper sinn, kéint bäidroen. Sou hunn och alt mol Regierunge missten duerchgräife fir d'Hygiène un d'Leit ze kréien. Wéi d'Europäer an d'USA ëm 1900 a Massen ausgewandert sinn, goufen all Dag 1000ende Mënschen op Ellis Island ënnert d'Dusch gestallt.

Méi einfach gouf et wéi dunn och nach d'Seef populär gemaach gouf a bei sou munchem dunn e Putzfimmel a Wäschzwang ausgeléist huet.

Och net gutt, well duerch d'Hygienehysterie koumen du méi Allergien un d'Dagesliicht. 

An do wiere mir nees bei engem beléifte Saz, alles mat Moossen och mat Wäschen, Duschen a Propper sinn !