Net all Koppel léiert sech op enger Party, um Büro, oder iwwer aner Kolleegen kennen. Ëmmer méi Leit verléiwen sech iwwert de virtuelle Wee, Michèle Reiter

24/07/2021 Op den Dag - Dag vun der virtueller Léift

An dofir hunn déi sougenannten "Partner-Börsen" dësen Dag 2001 an d'Liewe geruff. Den "Virtual Love Day" soll dozou déngen, datt Partner, déi sech iwwert den Internet kennegeléiert hunn och sollen dozou stoen, offensiv mam Thema ëmzegoen, am Platz iergendwellech Geschichten z'erfannen. Vill Leit wéilten nämlech net de Bekannten a Famille géintiwwer zouginn, datt se sech iwwert den www kennegeléiert hunn.

Et gi jo vill Méiglechkeeten sech iwwer Internet kennenzeléieren, dat fänkt bei enger normaler Mail un, kann iwwer en Chat goen oder eben eng gezielten Notzung vun engem Online-Dating. Ëmmer méi Leit notzen nämlech genau déi leschtgenannten Methode fir eng Relatioun ze fannen. Dëst sinn Internetportaler, bei deenen déi ugemellten User e Partner iwwer eng Datebank fanne kennen, am Fong geholl eng modern Form vun enger Kontaktannonce.

Et gëtt een hei nieft Geschlecht, Alter, Gréisst, Gewiicht och nach dacks aner Informatiounen, fir datt deen aneren, deen op der Sich ass, sech eng méiglechst genau Virstellung kann driwwer maachen, wien dir sidd. Dacks kann een och nach eng oder méi Foto'en dobäi setzen.

Well meeschtens awer méi Männer op esou Portaler ageschriwwe sinn, bidden verschiddener e Gratis Accès fir Fraen un. Et gi gratis Portaler, an et ginn där, wou ee fir Member ze sinn muss bezuelen, en plus berappt ee nach eppes, wann ee mat engem anere Mënsch well a Kontakt kommen.

Bei den iwwer 30 Järegen sinn Online-Partnervermettlungen ganz beléift. Bei dësen Offeren geet et manner drëm de séiere Kontakt ze kréien, mee éischter e laangfristege Liewenspartner ze fannen. Dofir sinn d'Präisser fir des Form vun Online-Partnervermettlungen dacks fill méi héich, wéi déi bei enger Dating Agence. Dat läit awer dorun, datt hei wëssenschaftlech Perséinlechkeetstester gemaach ginn, grad wéi gezielten Kontrollen, fir d'User virun onseriéisen Kontakter ze schützen.....