Wat wollt ech elo grad soen? Ah jo, duerch déi vill Lockdowne géif eist Gehier beaflosst ginn a mir wiere méi vergiesserlech ginn. Awer keng Panik, do kéint een eppes dergéint maachen.

27/07/2021 Méi vergiesslech duerch d'Pandemie?

Wéi ass et da mat Iech? Hutt Dir och gemierkt, datt Dir méi dacks eppes vergiesst?

Et sinn eng Rei Fuerscher uechtert d'Welt, déi sech deem Sujet ugeholl hunn an en Zesummenhang tëscht der Leeschtung vun eisem Gediechtnes an dem Social Distancing an der Corona-Pandemie analyséiert hunn. Ugaange war et mat brasilianesche Wëssenschaftler vun der Uni Pelotas, déi erausfonnt hunn, datt en Drëttel vun hiren Testpersounen sech méi schlecht erënnere konnten zanter dem Lockdown.
Dat kéint op de Stress zréck ze féiere sinn, deen e schlechten Impakt op d'Memoire huet... awer net just wéi de Psychotherapeut Gilles Michaux, aus den Hopitaux Robert Schumann erkläert:

"Et ginn awer och Hiweiser, dat bei Leit, déi kierperlech méi aktiv waren, d'Memoire net esou staark betraff wor. Och hei wësse mir, datt d'Beweegung e positiven Effekt op d'Konzentratioun an och d'Memoriséieren huet. Wärend dem Home Office an dem Home Teaching  mat de ville Video Konferenzen waren d'Leit natierlech och sécherlech manner spontan aktiv, wärend ee sech soss tëscht de Meetingen huet missten dofir hin an hier deplacéieren oder tëscht de Schoulstonnen an den Haff gaangen ass."

An Zäite vu Social Distancing ass all Minutt Beweegung Balsam fir eist Erënnerungsverméigen. Dat ass och de Motto vun engem UNO-Dossier, dee sech mat der psychescher Gesondheet befaasst. Do ass ënner anerem och ze liesen, datt ze mann kierperlech Aktivitéit kognitive Verfall a souguer Demenz begënschtegen.
Dofir onbedéngt an d'Gäng kommen:

"An deemno sollt een och bei de Video Konferenzen net vergiessen sech kierperlech ze beweegen, a wann et nëmmen e puer mol ass op an of ze goen, fir sou och dem Gehier d'Méiglechkeet ze gi kuerz ofzeschalten an dat vu Virdru besser ofspäicheren ze kënnen."

Dernieft soll een och mat soziale Kontakter géigesteieren, well d'Elengsinn wier Gëft fir eis psychesch Verfassung. Duerch Interaktioun klëmmt d'Stëmmung a d'Gehier gëtt e bëssi trainéiert. Dat geet souguer per Videokonferenz.
De Fazit aus all den Etüden, dës Pandemie-Vergiesserlechkeet wier net dauerhaft a géif eriwwer goen. Bleift also a Beweegung!