Déi bekannten Andrea Doria, en italienescht Luxus-Passagéierschëff ass haut viru 65 Joer kuerz virun der New Yorker Küst ënnergaangen. Wéi et dozou komm ass a wat dëst Schëff ausgemaach huet, erkläert d’Julie Mathes.

25/07/2021 De leschten Dag vun der Andrea Doria (ONLINE)

Si war grouss, luxuriéis, séier an en nationale Stolz vun den Italiener. D’Andrea Doria war ee vun de beléiftste Passagéierschëffer Mëtt vum 20.Joerhonnert an hat dacks eng prominent Clientèle u Bord. Den Numm huet déi italienesch Flott vum genueseschen Admirol a Staatsmann Andrea Doria, deen am 15. a 16. Joerhonnert géint d'Fransousen, d’Habsburger an d'Spuenier ëm d’Herrschaft vum Mëttelmier gekämpft huet.

1956 war dat italienescht Passagéierschëff op hirer 51. Faart ënnerwee wéi d’Ongléck geschitt ass. D’Rees ass vum Hafen zu Genua, d’Heemecht vun der Andrea Doria, op New York gaangen, déi beléiften transatlantesch Streck. Kuerz virun der Arrivée, et war en niwwelegen Owend, gesäit de Kapitän Piero Calamai en anert Schëff riicht op en duerkommen. Béid Schëffer, déi schwedesch Flott SS Stockholm an d’Andrea Doria, waren op Kollisiounscours ënnerwee an hu séier realiséiert, dass et schonn ze spéit war eng Kollisioun ze vermeiden.

Um 23:20 koum et zum Zesummestouss vun den zwee Schëffer. Bei dëser Kollisioun ass d’Andrea Doria staark beschiedegt ginn, eng Rei vu Passagéierkabinn goufe komplett zerstéiert a bannent Sekonne waren honnerten Tonne vu Mierwaasser an d’Schëff erakomm. Doduerch ass d’Andrea Doria liicht gekippt an et war net méiglech d’Rettungsbooter op der Säit erofzeloossen.

Jo d’Geschicht erënnert un déi vun der Titanic, déi 1912, och um Wee Richtung New York an en Äisbierg gerannt war. Den Ënnerscheed ass, dass bis haut net ganz gekläert ass wéi et zu der Kollisioun mat der Andrea Doria koum. Donieft haten d’Passagéier op deem Schëff awer elo méi Chance wéi déi op der Titanic. Well dës Kollisioun no un der amerikanescher Küst geschitt ass, war et méiglech séier Hëllef erbäizekréien fir d’Passagéier ze retten. Am Ganze sinn 1660 Persoune gerett ginn, ma 46 Mënschen hunn d'Accident op der Andrea Doria net iwwerlieft.

Wien elo heiru Schold war, ass bis haut net gekläert. Et gouf deemools gesot, dass et eng Verkettung vun onglécklechen Ëmstänn war. Ma wat awer sécher ass, ass dass béid Säiten d’Radarbiller net genee genuch gekuckt hunn oder falsch interpretéiert haten, well soss hätten si gewosst, dass dat net kéint laanschteneen goen. Haut gëtt gemengt, dass d’SS Stockholm awer méi schëlleg wär, well dës anscheinend ze séier ënnerwee war.

Schold hin oder hir, den Ënnergang vun der Andrea Doria bleift en trauregen Dag an der italienescher an internationaler Geschicht. Ma d'Luxusschëff bleift awer ënner anerem duerch dem Udo Lindenberg säi Lidd "Andrea Doria" an de Käpp vun de Leit hänken.