De Grandseigneur vun der däitscher Tëlee ass de dout, de Moie koum déi traureg Nouvelle, datt den Alfred Biolek fir ëmmer d'Aen zou gemaach huet, Marie Gales

23/07/2021 Den Alfred Biolek ass gestuerwen

Zanter laangem wier de beléiften Entertainer gesondheetlech ugeschloe gewiescht an ass de Freidegmoie friddlech a senger Kölner Wunneng am Alter vu 87 Joer ageschlof, deelt säi Partner an Adoptivjong Scott Biolek-Ritchie mat.

Den 10. Juli 1934 koum hien als ee vun 3 Bridder zu Freistadt an der deemoleger Tschechoslowakei op d'Welt a konnt sech Enn vun der 1970er Joren en Numm maachen als Talkmaster, Kachbuchautor a Fernsehproduzent mat Showen, ënner anerem wéi Bio’s Bahnhof, Boulevard Bio an alfredissimo! Als Jurist koum hie Ufanks bei den ZDF, ass dunn awer séier an d'Redaktioun do gewiesselt a säin Talent als Moderator gouf och fréi entdeckt, Ufanks nach a klenge Sendungen, ma senger Karriär sollt näischt am Wee stoen, de Rudy Carrell resuméiert dat an der leschter Sendung vum Bio's Bahnhof:

23/07/2021 Rudi Carrell

Net räisseresch, mä beschtens informéiert an engem intelligenten Austausch mat sengen Invitéen, dat war dem Bio seng Stäerkt. Och dem schwieregste Gaascht konnt een eppes ofgewannen, wann deen a senger Emissioun war. Dat war seng grouss Stäerkt, seet och Lëtzebuerger Kächin Lea Linster, déi mam Alfred Biolek eng laang Frëndschaft verbonnen hat.

23/07/2021 Lea Linster Ausso 1

Déi leschte Woch war d'Lea Linster nach op Köln gefuer fir hirem Frënd fir ëmmer Äddi ze soen an si seet et war Frëndschaft op den 1. Bléck, wéi den Alfred Biolek si a seng Sendung invitéiert hat, wéi si de Bocuse d'Or gewonnen hat.

23/07/2021 Lea Linster Ausso 2

An Erënnerung bleift en diskrete an intelligenten Talkmaster, ee wéi aus dem Billerbuch, sou wéi een der sech méi géif wënschen.