Vëlo fueren ass gutt fir d'Gesondheet, verbraucht manner Co2 an et spuert een Suen fir de Bensin. Vun deene Virdeeler profitéieren den Ament jo ëmmer méi Leit, net zu lescht wann et dann och nach eng interessant Primm fir nei Vëloen gëtt. Bis den Oktober 2020 sinn zum Beispill esou schonn 23 000 där Ufroe gemaach ginn. Wat et méi Vëloe ginn, wat der och méi geklaut kënne ginn. Mee ass dat esou a wéi kann ee säi Gefier am beschten schützen?

20/07/07 Vëlo geklaut kritt, an elo? Sou schützen ech en!

E gudde Sportsvëlo oder en Elektrovëlo kaschte jo net grad wéineg, ëmsou méi grouss de Misär, wann een op déi Plaz zréckkënnt wou een en ugestréckt huet an näischt méi do ass. Iwwert déi lescht Jore klëmmt d' Unzuel vun de geklaute Vëloen. Vun 2019 op 2020 sinn 200 Vëloe méi geklaut ginn. Marc Ragnacci, Responsabel vum Service national de prévention de la criminalité. Marc Ragnacci Also 2020 si ronn 730 Vëloe geklaut ginn. Déi Ziffer ass ëmmer mat Virsiicht ze genéissen. Dat ass elo eleng bei eis an der Statistik ënner Vëlosdéifstall. Dat kann awer och elo wann een einfachen Déifstall opgeholl gëtt oder een Déifstall mëttels Gewalttätegkeeten, da fält dat natierlech net ënnert déi Kategorie. Dat kéint och elo méi sinn. Dat ass statistesch relativ.

An da gi vill Déifställ och guer net réischt gemellt. Och déi sinn net mat an der Statistik.

Marc Ragnacci Do gi Vëloen, déi ni ofgeholl ginn, dofir ass et ganz wichteg, wann ee Vëlo geklaut gëtt, sou séier wéi méiglech bei d'Police ze goen a Plainte ze maachen. An dann natierlech och déi Donnéeë wéi Rechnung, eng Foto an op all Vëlo ass eng Seriennummer, fir déi esou séier wéi méiglech duerchzeginn. Datt mir esou vill wéi méiglech Informatiounen hunn, fir kënnen de Vëlo och erëm ze fannen.

Fir eng Plainte muss een awer net onbedéngt bis op de Policebüro. All déi Saache kann een och iwwert d'App vun der Police um digitale Kommissariat maachen.

Vëloe gi virun allem op zwou Plazen geklaut.

Marc Ragnacci Mir haten eng Serie, wou Vëloen aus Residenze geklaut gi sinn, wou Bande mat Camionnetten ënnerwee ware fir méi Vëloen ze klauen. Mir hunn awer och de klassesche Vëlosdéifstall haaptsächlech an der Stad, wou een e Vëlo klaut fir vun A op B ze fueren. An de Vëlo och iergendwou rëm leie léisst.

Dofir sollt een d'Vëloen och an Residenzen ustrécken, wëll déi och do kënne geklaut ginn. Wien an een deiere Vëlo investéiert, sollt dat och fir e gutt Schlass maachen. Ab 50 Euro géif een do scho gutt a stabil Modeller kréien. Fir unzestrécken bënnt een d'Schlass am beschten ëm de Kader, d'Rad an ee Potto.

Eng Kéier fort stinn d'Chancen net gutt en och nees rëm ze kréien. Dofir kann een och nach ee GPS Tracker benotzen.

Marc Ragnacci Do ginn et vun Apple zum Beispill, do gëtt et ee System fir 35 Euro, wou ee kann op de Vëlo maachen. Do kann ee permanent gesinn, wou de Vëlo drun ass. Et gi natierlech och aner Systemer, haaptsächlech bei E-Biken, wou an de Moto agebaut ginn, wou een da mat enger Sim Käertche permanent gesäit wou de Vëlo drun ass.

Wien nach op der Sich no engem Vëlo ass an dee gebraucht kafe wëll, sollt do awer och oppassen. Ze lackeleg Präisser kënnen een Hiweis dofir sinn, dass do ee geklaute Vëlo zum Verkaf steet.

Marc Ragnacci Wann een elo een Occasiounsvëlo wëll kafen, kann een de Propriétaire eng Rechnung froen, datt een déi matkrit. Oder et kann een natierlech ee Kafvertrag maachen. Dat si Méiglechkeet fir sech of ze sécheren.

Et mécht een sech net strofbar wann een et net weess, sollt sech awer duerno erausstellen, dass de Vëlo geklaut ass, kritt een seng Suen net zréck. De Vëlo dierf een dann natierlech net méi behale, mee en geet zréck bei de Besëtzer.

An deenen éischte 6 Méint vum Joer sinn iwwregens 250 Vëloen als geklaut gemellt ginn. Bis elo manner wéi d'Joer virdrun.