Fir 11 Minutten hat eis Äerd den Dënschden 20. Juli 4 Bewunner manner. Am Jeff Bezos senger Rakéit "New Sheperd" si 4 Persounen eng Kéier an de Weltraum an nees zréck geflunn. Bis op 100 Kilometer iwwert der Äerduerwerfläch sinn si eropgaangen an hunn domadder déi sougenannten Kárnám-Lin iwwerschratt. 10 Deeg virdrun war schonn de Richard Branson op der selwechter Missioun an zwar fir den éischte Weltraumtourist ze sinn. Hien huet et dogéint just op 80 Kilometer iwwert der Äerduewerfläch gepackt. Ab wéini schwätze mir dann iwwerhaapt vum Weltraum? 

21/07/2021 Wéini schwätzt een iwwerhaapt vum Weltraum?

Fir d'éischt emol sollt een tëscht dem Weltall an dem Weltraum ënnerscheeden. De Weltall ass nämlech alles, dat ganzt Universum an do gehéiert d'Äerd och dozou. Vum Weltraum schwätzt een dogéint wann een de Raum tëscht den Himmelskierper mengt. Also dat wat zum Beispill tëscht der Äerdatmosphär an dem Mound ass. Wéini deen dann elo ufänkt, ass guer net esou einfach ze soen. Et ginn do nämlech direkt e puer Definitiounen. D'U.S Air Force huet zum Beispill d'Héicht vun 80 Kilometer festgeluecht, den Eric Buttini vum Naturmusée. Eric Buttini An dat baséiert op d'Fléie mam Fliger. Dat ass eng Héicht wou den dynameschen Drock op Steierflächen esou geréng ass, dass keng Aerodynamik méi méiglech ass.

Deemno wär de Richard Branson mat senger Virgin Galactic am richtege Weltraum gewiescht.

 Der Nasa no fänkt deen awer réischt no 100 Kilometer un. Alles wat drënner ass géif dann nach zur Äerdatmosphär zielen.

Eric Buttini An dat baséiert och rëm op d'Fléien. An zwar ass déi Grenz vun 100 Kilometer ausgerechent ginn, dat ass do wou d'Atmosphär esou dënn ass, dass keen Opdriff méi fir de Fliger méiglech ass. Dat heescht de Fliger muss esou séier fléien, dass ëm seng eegen Zentrifugalkraaft duer geet, fir der Schwéierkraaft vun der Äerd auszewäichen.

An dat sinn awer net déi zwou eenzeg Definitiounen. Et ginn och Definitiounen, déi baséieren sech op d'Dichte vun der Atmosphär. Am Géigesaz zu der Äerdatmosphär, déi voller Gasen ass, ass de Weltraum e Vide, do ass quasi näischt. A wat ee méi wäit vun der Äerdatmosphär fort ass, wat ëmmer manner Gasdeelercher do sinn.

Eric Buttini D'Atmosphär, déi hëlt jo, wat een ëmmer méi vun der Äerd ewech geet, d'Dicht ëmmer méi of. An da ginn et verschidde Grenzen, déi do erreecht ginn. An do ass zum Beispill op 500 Kilometer, ass d'Grenz vun der Thermosphär. Dat gëtt dann och mol als Grenz geholl, dee Moment wär awer dann d'ISS, déi op 400 Kilometer Héich flitt. net am Weltraum.

No där Defintioun wären also weder de Bezos nach de Branson wierklech am Weltraum gewiescht.

 No der Grenz vun der Theromosphäre kënnt nach d'Exosphär an déi reecht bis op 10 000 Kilometer iwwert der Äerduerwefläch

Eric Buttini Oder souguer nach méi. Dat ass souguer eng Grenz déi nach méi wäit geet wéi de Mound, wou och nach liicht, ganz wéineg Gasdeelercher nogewise ginn. Also Gasdeelercher vun der Äerdatmosphär kënnen nogewise ginn.

Allgemeng kann een sech dat ganz awer wéi ee fléissenden Iwwergang virstellen. Et ass net wéi wann een do eng Grenz géif vun engem Moment op deen anere spieren. Just lues a lues ginn et manner Gasdeelercher pro Kubikzentimeter. Mee dat ass awer just eng Definitioun. Ob elo déi vun 80, 100 oder 500 Kilometer richteg ass, hänkt och ëmmer dovunner of wat ee kucken oder ënnersiche wëll. An wat mengt den Eric Buttini?

Eric Buttini Ech géif soen, déi vun 100 Kilometer ass déi, déi am beschte passt. Do hu mir dann eis Satellitten, déi héich fléien, respektiv d'ISS, kënne mir da soen, dass déi am Weltraum sinn

Et hänkt also vun der Definitioun of, a wann een déi zwee Milliardären géif froen, géifen si sech warscheinlech allen zwee als éischte gesinn.