Hu dir da schonn de BBC Trailer fir d'Olympesch Spiller gesinn? Fir all olympesch Spiller bréngen si e Video eraus, dee Loscht fir dëse grousse Sportevent an deem jeeweilege Land solle maachen. Déi leschte Kéier waren e fir Rio an deem sech eng Partie Dschungeldéiere prett maache fir d'Olympesch Spiller; Krokodillen déi Tuermsprange maachen, e Jaguar deen Distanze leeft an e Fauldéier dat Übungen un enger Staang mécht. Ma de 60 Sekonne Video fir Tokyo gefält awer net jidderengem firwat eigentlech?

30/07/2021 BBC Video: Nation Branding oder Klischee?

Et géif ze vill mat Stereotyppe gespillt ginn. Wéi wa Japan just aus Anime a K-Pop Sänger géif bestoen. Kritiker soen, d'Land hätt méi ze bidde wéi dat wat do kuerz gewise gëtt. An et gëtt och kritiséiert, dass et Japan aus der Sicht vun engem Englänner wéist an net vun den Japaner selwer. Ëmmerhin huet d'Produktiounsfirma Factory Fifteen hire Setz zu London. Et gouf zwar extra mat engem japanesche Kënschtler, dem Fantasista Utamaro zesumme geschafft, awer och dee lieft net a Japan mee an den USA.

Et ginn och vill Stemmen, déi begeeschtert sinn, e wär gutt gemaach?

 Et si 6 verschidden Zeenen déi een als Zuschauer besicht an déi alleguerte matenee verbonne sinn. Vum faarwege Gullisdeckel zum Thema Olympesch Spiller geet et an ee klenge Shop wou schonn iwwerall Sportlerfigure stinn. Et gesäit ee ganz berüümten aktuell Kënschtler, déi sech an Animeë verwandelen. Den Trailer schafft mat ganz villen Detailer a wat een en méi dacks kuckt, wat engem méi opfält. Et dréit sech virun allem alles ëm d´Popkultur, manner ëm elo zum Beispill historesch Fakten, wéi et nach méi fir d´Summerspiller zu Tokyo 1964 gemaach gouf.

Dëst Joer ka keen dohinner goen, esou en Trailer kritt dann nach eng extra Bedeitung. D´Leit awer fir esou een Event ze begeeschteren och wann jidderee fir sech kucke muss.

De Video ass elo vun der BBC, si wëllen natierlech hir eege Berichterstattung promovéieren, mee sou Olympesch Spiller si jo och eng Geleeënheet fir e Land sech richteg ze profiléieren a bëssen Nation Branding ze maachen. Wann d´Visiteure schonn ausfalen, ass déi digital Kommunikatioun natierlech ëmsou méi wichteg. Ëmmerhi schätzen Experten, dass déi Olympesch Spiller Tokyo bis zu 30 Milliarden Euro kéint kaschten. Geplangt waren éier et geréckelt gouf op dëst Joer eigentlech 7,5 Milliarden Euro. An elo kommen net mol extra Touristen an d´Land.

Mee dozou muss ee soen, dass Tokyo sech och esou wollt presentéieren als ganz digital progressiv Natioun, dat ass och d´Thema dat si sech selwer gesat hunn?

Discover Tomorrow, entdeck d´Zukunft, dat ass d´Thema vun den Olympesche Spiller fir Tokyo. Wéi déi olympesch Spiller déi leschte Kéier zu Rio op en Enn komm sinn, sollt ugekënnegt ginn, dass déi nächst zu Tokyo sinn. Déi Roll huet de fréieren japanesche Premier Minister och iwwerholl an zwar als Super Mario verkleet. Eng Uspillung op dat berüümten Nintendospill, dat a a Japan hiergestallt gouf.

RTL

© afp

Och d´Maskottercher wierke wéi aus engem Zeechentrickfilm entsprongen. Et ass net just de BBC Video, deen dëst Bild vu Japan vermëttelt, déi ganz Organisatioun bezitt sech op déi Popkultur, déi Japan ausmécht an awer och schonn a villen anere Länner ukomm a beléift ass.

De Video vu Rio

An um Enn gefält et jo och ganz ville Leit genee esou wéi de Video elo ass. Bis de 9. August kann een sech dann och elo déi richteg Spiller nach ukucken.