D'Vakanz ass dee Moment am Joer, wou een alles fir eng Zäitchen vergiesse soll. Deen eenzegen hektesche Zäitpunkt ass meeschtens kuerz virdrun, ier een dann all seng Zelter heiheem ofbrécht an fortfiert. A just dann, wann een et net gebrauche kann, kënnt et och ëmmer nees vir, dass eppes geschitt, wat ee guer net gebrauche kann. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet en aktuelle Fall aus der Praxis derbäi.

29/07/2021 Déierentipp: Hond virun der Vakanz géint Leishmanios impfen

Well de Noperen hiren Hond no laangem Misär viru kuerzem un der Leishmanios gestuerwe war, mat där si d´Déier schonn aus dem Midi matbruecht haten, wollt d´Famill Schmit hire Labrador George elo léiwer net mat dohin an d´Vakanz huelen.
Zanter bal zwee Joer gëtt et effektiv eng Impfung géint d´Leishmanios. Mais déi éischte Kéier sinn dat 3 Sprëtzen mat respektiv 3 Wochen Intervall tëscht den Injektiounen. An de Vaccin mécht eréischt e Mount no der leschter genuch Immunitéit. Dat geet och fir der Famill Schmit hier Vakanzepläng net méi duer.

29-07-2021 Deierentipp - Romi Roth - Hond impfen virun der Vakanz

Wéi eng Recommandatioun gëtt d'Déierendoktesch dann Leit déi am selwechte Fall sinn. Gëtt et keng aner Méiglechkeet dem Déier kuerzfristeg ze hëllefen?

Iert et d´ Impfung gouf, war souwisou keng Alternativ zu engem Collier, deen d´Sandmécken, déi di onheelbar an och fir Mënschen geféierlech Krankheet iwwerdroen, nawell gutt fort gehale huet. Leider ass d´Chimie vun deenen Deeler och net gutt fir d´Beien. Haut sollt een dofir am beschten alt awer mat der Impfung schonn emol ufänken an eben fir dës Vakanz nach e Collier kafen an dem Mupp vläicht och nach all Dag Kokos- mat Lavendelueleg iwwert de Pelz reiwen a gedréchent Herbes de Provence mat wéineg Olivenueleg an d´Fudder maachen.

29-07-2021 Deierentipp - Romi Roth - Alternativ