De 4. August ass den Dag vum Schampes, dëse gouf an den 1990er Joren vun de Schampesproduzenten an d'Liewe geruff.
Wéi ass et da mat Iech, léiwer Schampes oder Crémant? Mir hu mam RTL Mikro nogefrot.

04/08/2021 Dag vum Schampes

Alles dierf just Schampes genannt ginn, wat och aus dem Wäibaugebitt La Champagne a Frankräich kënnt. Dëse genéisst de Statut vun enger Appellation d’Origine Protegée, och wann dëst net op der Etikette steet. Déi franséisch Bezeechnung „Champagne“ ass zanter dem 29. Juni 1936 a Frankräich als Appellation d’Origine Contrôlée duerch den Institut national de l’origine et de la qualité geschützt.
Alles anescht muss als Vin mousseux bezechent ginn, a Lëtzebuerg soe mir do Crémant, a Spuenien Cava, an Italien Spumante Metodo Classico, an Däitschland Winzersekt fir elo déi ze nennen.
 
Fir Schampes ginn 3 Drauwenzorte benotzt, Pinot Noir , Pinot Meunier wéi och de Chardonnay.  Ganz rar sinn d'Zorten Arbane, Petit Meslier wéi och de Pinot Gris Vrai a Pinot Blanc. D'Mëschung vun deene bestëmmt de Charakter vum Schampes.
Schampes gëtt zanter dem 17. Joerhonnert an dëser Form, wéi mir se och kennen, hiergestallt.
 
Och wann ëmmer nees Schampes gedronk gëtt, sinn d'Verkaafszuele vum Schampes 2020 wéinst der Corona-Pandemie ëm 18 Prozent zréckgaangen, seet de Comité Interprofessionnel du Vin de Champagne, dat géif eng Milliard Euro manner ausmaachen, sou wiere just 4 Milliarden Euro vun den Champagner-Produzente verzeechent ginn, dat wier awer nach besser wéi erwaart.
245 Milliounen Fläsche waren dat lescht Joer verkaaft ginn, 2019 waren et der nach ronn 300 Milliounen.