E grousse 'Rooarrrrr' fir eng flott a lieweg Ausstellung, déi Dir nach bis de 9te September 2021 kënnt kucke goen.

04/08/2021 Summer Agenda: "Dinosaur Invasion" an der Rockhal

Hei kënnt Der vum Diplodocus, iwwer de Gigantosaurus bis hin zum Tyrannosaurus vill Modeller entdecken. Awer keng klenger, mä grousser- a se gesinn och nach ewéi lieweg aus. Dat läit un der Technik an un der Optik.

Ier Der an d'Ausstellung kommt, geet et nach bis duerch e Musée fir d'Memoire opzefrëschen. An zum Schluss dierft Der grouss Aen maachen mat engem Virtual-Reality-Brëll op der Nues, mat deem Dir mengt, Dir wiert wierklech bei engem Dinosaurierkampf dobäi.

D'Dinosaur Invasion ass vu Sonndes bis Donneschdes op, all Dag vu moies 10 bis owes hallwer 7.

Hei ginn et all d'Informatiounen: