Wann een Angscht virun Honn huet, huet dat bestëmmt och domadder ze dinn, dass se gären knouteren an d'Zänn flätschen wann se rose sinn. Sou verschafe se sech Respekt bei aneren Déieren an och beim Mënsch. Awer och de Muppen hir Zänn mussen gefleegt ginn, an dofir hëlt d'RTL Déierendoktesch Romi Roth haut een vun de Patienten mat bei den Zänndokter. 

De Jasper, e Magyar Viszla am beschten Alter, hat seng salle à manger a Fränjelen. Den aarme Mupp koum an d´Consultatioun mat enger Spautsabbel bis op de Buedem. A seng Schnëss stoung e bëssen op, sou wéi huet et him gedoe wann d´Zänn openeen komm sinn. Et war keng Diskussioun, hien huet eenzock missen schlofe geluecht ginn an säi Mond misse sanéiert kréien.18 Zänn konnten nëmme méi gezu ginn, en etlech dovunner si bei där Operatioun scho bal vum selwen erausgefall komm.

03-08-2021 Déierentipp Romi Roth - Zänndokter fir Déieren

Dat muss jo Méint virdrun dann och schonn terribel wéi gedoen hunn! Leider kann een bei Muppen awer net wéi bei de Mënschen d´Zänn mat enger Zännbiischt wäschen. A wann dann vläicht nach just déi baussenzegt Säit awer net déi wou d'Zong ass.

Besser wier, e puermol an der Woch réi, net ze kal Schanken vun erwuessene Ranner ze ginn. Déi Schanken sollen grouss genuch sinn, dass de Mupp se net op ee Siess verschlécke kann. Fir Honn déi näischt mat Schanken ufänke kënnen, gëtt et extra Knaschanken ze kafen, och nach Sticks genannt, déi wéi Leckerlien schmaachen an dowéinst gär geholl ginn. Op guer kee Fall soll ee Schanken vun aneren Déieren wéi Ranner ginn an och déi net gekacht, well se domat sprock ginn a mat der Gelatine e wichtegen Ingredient fir dem Mupp seng Gesondheet fleete géing.

03-08-2021 Déierentipp Romi Roth - Schanken hëllefen