An der Nuecht vum 4. op de 5. August 1962 ass d'Norma Jeane Baker, besser bekannt als Marilyn Monroe zu Los Angeles gestuerwen. De Max Richartz kuckt zréck op dat dach tragescht Liewen vun der bekannter Schauspillerin:

05/08/2021 Op den Dag: Doudesdag Marilyn Monroe

Den 1. Juni 1926 kënnt d'Norma Jeane Baker zu Los Angeles op d'Welt. Hir Kandheet a Jugend verlafe schwéier, sou krut si ze spieren, datt si net erwënscht war, si ass zu Deel bäi Fleegeelteren an am Weesenhaus opgewuess och bei hirer Tatta. Ma aus dem deemools nach immens scheie Meedchen, sollt déi berüümtste Fra am Showbusiness ginn.
CUT

Mat 18 Joer kritt d'Norma Jean Baker hiren éischten Job als Model. Ma et huet net laang gedauert bis si hiren Duerchbroch och zu Hollywood packe sollt. Fir eng Shampoings-Reklamm fierft si sech d'Hoer blond, wat spéider zu hirem Markenzeeche gëtt. 1950 gëtt d'Filmwelt op déi jonk Fra opmierksam, dëst ënnert dem Kënschtlernumm Marilyn Monroe. Monroe war iwwregens de Meederchersnumm vun hirer Mamm. An de Filmer "Niagara" an "Gentlemen Prefer Blondes" spillt d'Marilyn d'Roll vun der naiver sexy Blondin.
CUT

Vun dëser Roll, déi der Schauspillerin eigentlech net wierklech gefall huet, sollt si ni méi fort kommen. Si huet sech ëmmer op dës Roll als Sexsymbol reduzéiert gefillt, ma et sollt hir net geléngen dat ze änneren.
CUT

Déi blond Schauspillerin ass am Alter vu just 36 Joer an hirem Bett zu Los Angeles un enger Iwwerdosis gestuerwen. Bis haut ass nach net gekläert ob et Suicide war oder esouguer Mord, dee mat de Kennedy Bridder a Verbindung bruecht gëtt. Fest steet, dat déi talentéiert Schauspillerin, déi fréi vun eis gaangen ass, bis haut nach ëmmer eng Kultfigur bliwwen ass, déi d'Leit ëmmer nach begeeschtert an inspiréiert huet.