Falls dir de Weekend um E-Lake verbréngt an iech denkt "zwee Deeg gi mir net duer", dann hunn ech elo gutt Noriichte fir iech: De Sonnden gëtt et nach en Charity Evenement, voll mat Concerten, DJs an nach villem méi. De Jeff Rossler huet d'Detailer.

05/08/2021 E-Lake Charity Event - Zesumme si mir staark

Ënnert dem Motto "Zesumme si mir staark" gëtt dëse Weekend nach een drop gesat. An Zesummenaarbecht mat der Stad Iechternach, dem Trifolion an dem Atelier kritt dir nach en extra Dag um E-Lake an dat esouguer fir e gudden Zweck. Wourëms et genee geet, erzielt eis de Frank Rippinger, Organisateur vum E-Lake.
Frank Rippinger:
Déi meescht wëssen et, déi hunn et jo mat kritt, dass mer ganz staark getraff goufe vum Héichwaasser. Notamment Iechternach ass ganz schlëmm getraff ginn. Mir hunn eis lo kuerzfristeg dozou beschloss nach en drëtten Dag hannendrun ze hänken. D'Leit musse sech zwar en Ticket huelen iwwer atelier.lu - deen ass awer gratis. Et geet drëms fir all deene Benevollen, déi wärend deenen X Deeg gehollef hunn, iergendwéi dat ganzt opzeraumen an ze botzen, fir dass erëm eng gewëssen Normalitéit kënnt, e Rise Merci ze soen. Haaptsächlech geet et awer och ëm déi Geschiedegten, deenen extrem Schued zougefüügt ginn ass. De ganzen Dag sammele mer Donen. De ganzen Erléis vum Dag gëtt integral gespent. Déi Spent geet an de "Fond de Solidarité" deen d'Gemeng Iechternach just an deem Kader an d'Liewe geruff huet.

Wien no Optrëtter vun dem Läb, Tuys an nach villen aneren also nach Energie huet, ass häerzlech erëm an den Abteishaff Iechternach agelueden. Fir e kuerzfristeg organiséierten Event léisst de Programm och net ze wënschen iwwreg. Fir jiddereen ass eppes dobäi, fir grouss a fir kleng. Et gëtt nämlech méi, wéi just e puer gratis Concerten.
Frank Rippinger:
Et ass e ganz variéierte Programm. Et geet Mëttes ëm 3 Auer un an et geet bis Owes 10 Auer. Et sinn eng ganz Rei Concerten, wéi den Steven Pitman matt senger Elvis Show. Mir hunn de Fred Barretto um Start oder Lokalmatadoren wéi den DJ Dr.Gonzo mam Steve R.I.O.T.. Et ginn Ateliere fir Kanner, et ass e ganz familiäre Kader, dee mir do wollte presentéiere fir de Leit Merci ze soen an och e bëssen erëm Hoffnung ze ginn, fir déi schwéier Zäit, déi se elo hannert sech hunn.

D'Pandemie ass natierlech net eriwwer, just well e Festival ass. Dem Frank Rippinger no, gëllt fir allen dräi Deeg vum E-Lake dat nämmlecht: d'Gesondheet geet vir.
Frank Rippinger:
Et ass e CovidCheck Event. Dat heescht d'Leit mussen sech an der Entrée kontrolléiere loossen, mat hirem Zertifikat. Mir bieden iech och alleguer, dass dir mat engem autoriséierten Zertifikat kommt, respektiv iech am Virfeld teste loosst - mat engem PCR-Test oder engem Antigen-Test.